Fir de Projet Singülar huet de Vibraphonist Pascal Schumacher sech mat zwee aussergewéinleche Museker zesummegedoen: dem däitsche Pianist an Trompettist Sebastian Studnitzky an dem franséische Batteur Edward Perraud. D’Musek ass aus enger éischter spontaner Begéinung entstanen – ouni feste Plang, quasi als klanglech Exploratioun am Moment.
Op "Singülar" vermëscht den Trio Jazz mat Ambient-Texturen, Elektronik an improviséierte Klanglandschaften. Vibraphon, Trompett, Piano, Synthesizer an Drums verschmëlzen zu enger atmosphärescher Musek, déi vill Fräiheet huet ans ech bewosst iwwer Stilgrenzen ewechsetzt.
De Release vum Album, dee beim Berliner Label XJAZZ! Records erauskënnt, gëtt de 27. Mäerz Opderschmelz zu Diddeleng gefeiert, ier de Projet op verschidde Bünen a Lëtzebuerg an Europa op Tuer geet.
Playlist:
01. Premier Matin
02. Singülar
03. Liaima
04. Radio Supernova
05. La fin d'un monde