Kultur
Véiermol Molière fir de 50. Gebuertsdag vum Théâtre du Centaure
25 min
Fir seng 50 Joer huet den Théâtre du Centaure, ee vun de klengste Lëtzebuerger Theateren, dee fir seng eklektesch a qualitativ héichwäerteg Programméierung bekannt ass, ee ganz besonnescht Programm-Highlight : Eng Molière-Quadrilogie, déi een entweder zweemol als Binôme oder eemol als komplette Marathon erliewe kann. D’ Metteuse en scène Myriam Muller huet déi véier Stécker op zwee Owender kondenséiert : Eemol kräizt sech "L’école des femmes" mam "Dom Juan", eng aner Kéier sinn et "Le Misanthrope" an den "Tartuffe". Mir hunn d’Centaure-Intendantin Myriam Muller an den Emre Sevindik, deen d’Création sonore fir déi 4 Stécker gemaach huet, zesumme mam Jeff Schinker bei eis am Studio.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker