arrow_back_ios
Fräie Mikro
Wa Kënschtlech Intelligenz zum modernen Orakel gëtt
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
De Moment ass AI, oder KI, dee groussen Hype. Et gi vill Hoffnungen dra gesat, datt mir duerch "machine learning" déi grouss Problemer vun eiser Zäit besser léise kéinten. Et gëtt och skeptesch Stëmmen, déi eis virun dëser neier Technologie warnen a prophezeien, datt d’Roboteren eng Apokalyps géifen ausléisen oder eis zumindest iwwerflësseg maache géifen. De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg befaasst sech mat enger manner evidenter Gefor, déi vun eisem Ëmgang mat KI Systemer ausgeet.