Kultur
/ Wéi de Lëtzebuerger Kënschtler:innekollektiv d'Aktioun The Collective Lab erlieft huet
Wéi de Lëtzebuerger Kënschtler:innekollektiv d'Aktioun The Collective Lab erlieft huet
D’Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge huet sech virgeholl, zäitgenëssesch Konscht méi lieweg ze presentéieren an dowéinst sechs Kënschtlerkollektiver aus sechs europäesche Stied invitéiert, den éischte Stack vum Musée bis de 14. Januar an en experimentelle Konschtlabo ze verwandelen. Mat dobäi vu Lëtzebuerg: Mnemozine, e Grupp vu jonke Kënschtler:innen, Soundtüftler, Humanwëssenschaftler, déi versichen, mat den Acquisen aus der Technologie, der Wëssenschaft an der Konscht Neies ze kreéieren. Bis ewell hu si vill virtuell funktionéiert, am Mudam sech du méi mat der Editioun vun engem Magazine beschäftegt. D’Kerstin Thalau huet mat de Kënschtler Lynn Klemmer a Charles Rouleau vu Mnemozine no zwou Woche Bilan gezunn.
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau