Biotop
Wéi gesond sinn eis Fléissgewässer?
11 min
Verschidde Rapporten an Etuden hu gewisen, datt d’ Fléissgewässer a Lëtzebuerg – also eis Flëss a Baachen – net an engem gudden Zoustand sinn. Een Drëttel vun hinnen ass esouguer an engem schlechten ekologeschen Zoustand. Vill Aarten déi op gesond Gewässer ugewise sinn, gëtt et zudeem nëmmen nach a klenge Populatiounen oder si sinn am ganze Land ausgestuerwen – z.B. d’ Flossperlmuschel oder Fësch wéi de Saumon. Et kéint een also soen datt eis Fléissgewässer zimmlech krank sinn a bei hiren Awunner ass de Gesondheetszoustand och net de beschten. Explikatioune vum Tobias Mosthaf.