Biotop
Wisen a Weeden
15 min
Ronn d’Hallschent vun eisem Land si landwirtschaftlech Flächen a ronn d’Hallschent dovunner si Gréngland, also Wisen a Weeden. Niewent der zentraler Bedeitung fir d’landwirtschaftlech Produktioun spillen dës Flächen awer och eng enorm wichteg Roll am Ëmwelt- an Naturschutz.
Vill vun eis kënne sech nach aus hirer Kandheet erënneren u Wisen, déi faarweg bléie mat enger helle Wull u Päiperleken, Heesprénger an aner Insekten, déi haut ëmmer méi seele ginn. Grad virum Hannergrond vun aktuellen Diskussiounen ëm d’Klima, proppert Waasser, Biodiversitéit oder Insektestierwen, kréien aarteräich Wisen a Weeden ëmmer méi Bedeitung.
Am Studio ass den Agraringenieur Georges Moes