Kultur
/ Zanter 2022 ouni "Ouni": déi alternativ Akafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat
Zanter 2022 ouni "Ouni": déi alternativ Akafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat
14 min
Iwwert d’Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. Eng etlech Leit fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d’Akafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionéieren, an domat d’Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbuttek si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Gare opgemaach. Viru 5 Joer ass en 2. “Ouni” zu Diddeleng annoncéiert ginn. Zanter 2 Joer ass Lëtzebuerg elo ouni “Ouni”. D’Kerstin Thalau huet mat Diddelenger Membere vun der Cooperative geschwat.