Den Avis ass majoritär positiv ausgefall. D’DP-CSV-Majoritéit, grad wéi d’ADR mee och déi gréng hu sech positiv zu deem Ausbau ausgedréckt.
31 Stroosse géife mat Kamera erfaasst ginn
Den Ausbau vun der Kameraiwwerwaachung am Stater Garer Quartier wäert et erlaben 90 Prozent vun de Stroossen ze couvréieren, begréisst den DP-Gemengeconseiller Robert Philippart.
"Wa mir hei 110 Kameraen opstellen, sinn dat op 31 Stroossen, déi doranner erfaasst ginn. Dat ass net wéineg vum Boulevard d'Avrange iwwer de Boulevard de la Pétrusse bis an d'Hollerecher Strooss an an déi nei Quartieren domat eran. Dat ass wierklech e Souci fir sech op d'Liewensqualitéit ze baséieren."
De François Benoy vun déi gréng bleift skeptesch, wat d’Effikassitéit vun esou enger Iwwerwaachung ugeet, mee huet sech positiv zum Ausbau am Garer Quartier ausgeschwat, well et een Hotspot wier.
Hie kritiséiert awer déi allgemeng Tendenz, déi et a sengen Ae bei der DP-CSV-Majoritéit géif ginn.
"Mir wëssen, datt d'Bouneweg-Nord warscheinlech schonn e Projet Kameraiwwerwaachung an der Pipeline ass an den Här Bob Biver vun der CSV huet elo grad och nach eng Kéier gesot, datt se gären eng Auswäitung hätten hei am Stadkär. Mir gesinn dat net onbedéngt als effikass un, mir gesinn et och net als verhältnisméisseg un a mir mengen och virun allem, datt et net zu méi Sécherheet an der Stad féiert."
Bis elo goufen et 130 Kameraen ëm d’Gare, mat deem Projet vum Inneministère kéimen der 110 derbäi.
LSAP an déi Lénk ganz kritesch
Fir den LSAP-Conseiller Gabriel Boisanté, dee sech beim Avis enthalen huet, wier dat net d’Léisung.
"Wat bréngt déi Verbreedung, wann et net mat Preventioun verbonnen ass, wann et net mat ganz staark Moyenen ass hannendru fir justement méi Incivilitéiten direkt kënnen ze vermeiden an ze bekämpfen."
Och den David Wagner vun déi Lénk ass der Meenung, datt d’Kameraiwwerwaachung keng Léisung duerstellt.
"Mir bleiwe weiderhi skeptesch wat d'Extensioun ugeet. Zënter 2007 héieren ech awer op jiddwer Fall ëmmer méi vun de Leit, jo, et verbessert sech net oder net sensibel, mee mir hunn ëmmer méi Kameraiwwerwaachungen, also kann et vläicht sinn, datt d'Kameraiwwerwaachung net zum Deel vun der Léisung gehéiert."
Aus deem Grond huet den David Wagner sech géint dee Projet vun engem Ausbau vun der Kameraiwwerwaachung ausgedréckt.