arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beem planze géint de Klimwandel - Startschoss fir ee ganz spezielle Bësch

Lokal

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Beem planze géint de Klimwandel - Startschoss fir ee ganz spezielle Bësch

Am Quartier Millebaach am Norde vun der Stad war d'lescht Woch de Startschoss fir ee ganz spezielle Bësch. Um Eecherfeld ginn 3.500 jonk Beem geplanzt, als eng Zort wëssenschaftlecht Experiment fir d'Zukunft, fir erauszefannen, wéi een d'Bëscher hei am Land méi resilient fir d'Zukunft maache kann.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© picture alliance / imageBROKER | © Loredana De Sole
(Foto: picture alliance / imageBROKER | © Loredana De Sole)

Op enger Fläch vu ronn engem Hektar soll hei um Eecherfeld e komplett neie Bësch entstoen. Nach gesäit et op dëser grousser Wiss zimmlech eidel aus.

Mixitéit vun eenheemeschen Aarten 

Déi éischt Aarbechte goufe scho gemaach. D’Ekippe vun der Natur- a Bëschverwaltung ANF hu scho markéiert, wou wéi ee Bam soll hi kommen, an de Site gouf a verschidde Parzellen opgedeelt. Elo geet et un d’Planzen, erkläert den Direkter vun der ANF, de Michel Leytem.

"Haut planze mir hei haaptsächlech Beem, déi och an Zukunft mat deene méi héijen Temperaturen, déi fir de Klimawandel prognostizéiert sinn, eens ginn. An dat sinn dann Aarte wéi Eechen, Lannen, Hobichen a verschidden Ahornaarten." 

Dat wieren Aarten, déi een och eenheemesch fanne kéint.

"Déi awer an eise Bëscher e bësse méi selte gi sinn, do wou een elo haaptsächlech Buchen an Eeche fënnt, wou mir da probéieren hei déi Mixitéit mat deenen doten eenheemeschen Aarte verstäerkt an eis Bëscher eranzebréngen."

Verschidde Beem kréie beim Aplanze bestëmmten Essenzen, an anerer net. An Zukunft wäerten d’Beem dann ënnerenee verglach ginn.

Bëscher wuesse wéinst Klimawandel net méi esou séier 

Dofir ginn d’Parzelle mat Sensoren ekipéiert, déi Donnéeën iwwer d’Gesondheet vun de Beem, d’Loftqualitéit, d’Waasser am Buedem an de gespäicherte Kuelestoff sammelen. Op déi Manéier soll d’Resilienz vun de Bëscher vis-à-vis vum Klimawandel besser analyséiert ginn, esou nach d’Zil vun dësem Projet.

Dem leschten Inventaire vun de Lëtzebuerger Bëscher no si just nach 20 Prozent vun de Bëscher gesond. Wéinst dem Klimawandel sti se ënner Drock an d’Bëscher hei am Land wuessen och net méi esou séier.

Projet huet pedagogeschen Zweck 

De Projet huet och e pedagogesche Volet. De Site soll als Léier- an Entdeckungsplaz déngen, ënner anerem fir Schoulklassen. Dofir hunn d’Kanner vun der Bëschspillschoul beim Uplanze schonn eng Hand mat ugepak a konnten dobäi schonn esou munches iwwer d’Planze vu Beem, wéi och iwwer d’Wichtegkeet vun urbane Bëscher léieren.

Bei dësen 3.500 Beem, déi am Kader vun dësem Projet entstinn, soll et awer net bleiwen. Bis 2030 soll sech déi Zuel quasi nach verzéngfachen, huet den éischte Stater Schäffe Maurice Bauer a senger Intro erkläert.

"Mir haten 2023 ronn 22.500 Beem am ëffentleche Secteur. A mir hunn eis als Zil gesat, bis 2030 30.000 weider Beem derbäizesetzen. Ech mengen dat ass eng ganz ambitiéis Zuel, well mir et méi wéi verduebele wäerten."

Donnéeë fir Analyse vum LIST notzen 

Déi gesammelt Donnéeë ginn da mat de bedeelegten Acteure gedeelt, dorënner de Fuerschungszenter LIST. An d’Donnéeë gi weider analyséiert, seet den Ëmweltminister Serge Wilmes. 

"Well mir alleguerte mussen un engem Strang zéien, fir den Ekosystem Bësch standhaft ze maachen a virun allem un d'Konsequenz vum Klimawandel unzepassen, wat jo och hei mat deene verschiddene Parzelle wäert geschéien." 

Laangfristeg soll d’Konzept vun engem sougenannten experimentelle Bësch hëllefe Strategien ze entwéckelen, fir d’Resilienz vun de Bëscher ze stäerken.

play_arrow Lauschteren