Déi am Ganzen néng Atomstaaten hunn deemno 119 Milliarden Dollar fir hir Arsenaler ausginn. Dat ass e Plus vun 19 Prozent par Rapport zum Joer virdrun.
Wärend d‘USA mat Ofstand déi gréissten Zomm investéiert hunn, ass China dat Land, dat am meeschten nei Atomwaffe produzéiert. D‘Zuel vun de nukleare Sprengkäpp weltwäit gëtt op iwwer 12.000 geschat. D'ICAN schwätzt an deem Kontext vun enger reegelrechter neier Oprëschtungsspiral.