“Et ass wichteg, datt Frënn éierlech matenee sinn”, esou den US-amerikanesche Verteidegungsminister Pete Hegseth bei senger Arrivée am Quartier Général vun der NATO zu Bréissel.
Virun der Reunioun vun den NATO-Defenseministeren huet hien den Desequiliber tëschent den europäeschen NATO-Partner kritiséiert. D’Alliéiert haten zejoert zougesot, spéitstens 2025 op d'mannst fënnef Prozent an d’Defense ze stiechen.
Pete Hegseth wëllt sech d’Länner genee ukucken
Verschidde Länner géifen dat ëmsetzen, anerer missten nach méi maachen, esou de Pete Hegseth.
“Mir wäerten doriwwer souwuel privat, ewéi och ëffentlech oppe schwätzen”.
Lëtzebuerg stéing vill besser do, wéi nach virun zwee Joer, stellt d’Arméisministesch Yuriko Backes fest. Bei de Verteidegungs-Depensë läit de Grand-Duché fir 2025 mat 2,01 Prozent vum Revenu National Brut net méi op der leschter Plaz.
Si hätt eng Trajectoire fir d’Depensë fir déi nächst Jore presentéiert, déi d’Regierung mat dréit, esou d’Yuriko Backes.
“Déi Trajectoire ass ambitiéis a realistesch. Mir huelen dat ganz seriö”.
Eng weider 26 Milliounen Euro fir d’Ukrain
Lëtzebuerg wäert dëst Joer der Ukrain eng weider 26 Milliounen Euro zur Verfügung stellen, fir militäreschen Equipement anzekafen. Dat huet d’Defenseministesch Yuriko Backes op der Reunioun vun den NATO-Defenseministeren zu Bréissel annoncéiert.
D’Sue fléissen am Kader vum PURL-Programm, dee virgesäit, datt d’NATO-Alliéiert Waffen a Munitioun, déi an den USA hirgestallt gi fir d’Ukrain ze finanzéieren an direkt aus den US-amerikanesche Bestänn ze liwweren.
Am Ganzen huet Lëtzebuerg fir dëst Joer eng 100 Milliounen Euro fir d’Militär-Hëllef fir d’Ukrain virgesinn.
Zënter dem Ufank vum Krich sinn dem Verteidegungsministère no der Ukrain tëschent 2022 an 2025 414 Milliounen Euro zur Verfügung gestallt ginn.
Wie fëllt d’Lücken op?
No der Annonce vun den USA, hir militäresch Kapazitéiten am Kader vum “NATO Force Model” an Europa ze reduzéieren, wier een amgaangen eventuell Lücken, déi entstinn, opzefëllen, esou virun der Reunioun iwwerdeems den NATO-Generalsekretär Mark Rutte.
Europa misst säin Asaz verstäerken, esou den Hollänner. Verschidden EU-Länner hätten do schonn Zousoe gemaach. Den “NATO Force Model” gesäit vir, wéi eng Alliéiert wéi ee militärescht Material a Personal am Krisefall prett hale mussen.
Et wier wichteg, datt elo an der NATO “transparent doriwwer geschwat” gëtt, “fir datt mir wëssen, wat wéini soll geschéien”, sot dozou zu Bréissel d’Yuriko Backes. Lëtzebuerg hätt an deem Zesummenhank keng speziell Contributioun virgesinn.
“Do ass elo direkt näischt virgesinn. Eis Capacitéite stinn der NATO zur Verfügung a fir de Rescht konzentréiere mir eis op déi nei an déi lafend NATO-Ziler. Dat ass ee risegen Effort fir eis.”
Strooss vun Hormus: Lëtzebuerg ass op fir sech ze bedeelegen
D’DP-Ministesch huet den Accord tëschent den USA an dem Iran an déi franséisch-brittesch Initiativ fir d’Strooss vun Hormus ze protegéiere begréisst. Fir de Moment wier do keng Lëtzebuerger Contributioun virgesinn.
"Fir de Moment ass do näischt méi Konkretes virgesinn, mee mir stinn deem awer ganz positiv vis-à-vis."
Wann ee gefrot géing ginn, géif gekuckt ginn, wat ka gemaach ginn, fir eppes dozou bäizedroen, esou d’Yuriko Backes.