arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2070 wäert Lëtzebuerg eng Millioun Awunner hunn

STATEC

|
reading time

1 min

2070 wäert Lëtzebuerg eng Millioun Awunner hunn

Dovu geet de Statec a senger neister demografescher Projektioun aus. Do huet de Statec 4 méiglech Zenarien opgestallt. Déi zwee optimistescht gesi méi wéi eng Millioun Awunner am Joer 2070 viraus.

reading time

1 min

© picture alliance / Zoonar | Andrii Yalanskyi
(Foto: picture alliance / Zoonar | Andrii Yalanskyi)

Déi demografesch Entwécklung hänkt ganz staark mam Wirtschaftswuesstem, wéi och mat der Migratioun zesummen. 

Dem Statec no, géif de Feconditéitstaux- also wéi vill Kanner eng Fra kritt, bis 2070 liicht an d‘Luucht goen, vun elo 1,25 op 1,50 am Joer 2070.

Och d‘Liewenserwaardung géif der Projektioun vum STATEC no, bis 2070 bei bal 90 Joer leien.