Hien ass awer net ugeholl ginn, well et an der Belsch e Contingent fir auslännesch Medezinsstudente gëtt. De Lëtzebuerger ass refuséiert ginn, well hien net an der Belsch wunnt.
D‘Riichter um Kierchbierg hunn dem Mann elo Recht ginn an zréckbehalen, datt Studenten, déi net an der Belsch wunnen, déi awer hire Secondaire gréisstendeels do gemaach hunn, wéi och hire Bac do kritt hunn, selwechten Accès fir Medezinsstudien misste kréien, wéi Residenten.