Och d’Zuel vun den Demandë fir de Revis ze kréien ass d’lescht Joer ëm ronn 16 Prozent geklommen. Eng Tendenz déi een an de Statistike vum Rapport generell iwwer déi lescht 5 Joer erëm fënnt. En Drëttel vun de Revis-Empfänger huet guer keen anere Revenu. Als Grond fir d’Augmentatioun vun der Zuel vu Revis-Empfänger gëtt d’Situatioun um Aarbechtsmarché genannt.
1.600 Fäll, déi kontrolléiert goufen
De Fonds national de la solidarité huet et allerdéngs och ëmmer nees mat Fäll vu Fraude ze dinn. D’Mataarbechter:innen maachen dofir och Kontrollen um Terrain respektiv gi bei d’Leit heem fir ze iwwerpréiwen op d’Conditioune fir d’Bäihëllefen och erfëllt sinn. An eppes iwwer 1.600 Fäll goufen et där Kontrolle bei deene Betraffenen doheem.
An deem Sënn gouf et d’lescht Joer och 545 Enquêtë wéinst Bedruch-Verdachtsfäll. A 27 Fäll gouf den Dossier un de Parquet weidergereecht. Dobäi ass et ëm Bäihëllefen an Héicht vun 1,4 Milliounen Euro gaangen. Op d’Gesamtzuel vun de Revis-Empfänger:inne bezunn, hunn awer just 0,25 Prozent vun de Fäll misse viru Geriicht.
Fir Bäihëllefe muss een zu Lëtzebuerg gemellt sinn
Eng weider Kontroll betrëfft d'Uertschaft, wou een ugemellt ass, deen zu Lëtzebuerg muss sinn. Länger Openthalter am Ausland sinn net erlaabt wann ee vun de Bäihëllefe profitéiert. Well an der Lescht festgestallt gouf, datt ëmmer méi Beneficiairen an enger Lëtzebuerger Gemeng gemellt waren a sech awer am Ausland opgehalen hunn, wieren déi Kontrolle ganz nëtzlech, heescht et nach am Rapport.