Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Real Estate - Flowers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reprise vum Diddelenger Stolwierk: Chancë fir Offer aus der Tierkei, mee LCGB bleift virsiichteg

No der Faillite vu Liberty Steel

Reprise vum Diddelenger Stolwierk: Chancë fir Offer aus der Tierkei, mee LCGB bleift virsiichteg

Déi tierkesch Holding Tosyali huet beim Curateur déi beschten Offer agereecht fir eng Reprise vum Diddelenger Stolwierk, dat confirméiert den LCGB. Mee et dauert nach, bis et Kloerheet gëtt fir dat fréiert Wierk vu Liberty Steel an ArcelorMittal.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

Tosyali produzéiert Stolprodukter a beschäftegt méi wéi 15.000 Leit op dräi Kontinenter. D’Tageblatt hat gemellt, datt d’Offer vun Tosyali vum Curateur vun der Faillite vu Liberty Steel zréck behal gi wier. De Robert Fornieri vum LCGB confirméiert déi Informatioun am 100,7-Interview. 

Wirtschaftsministère verweist op Curateur

Och de Wirtschaftsministère confirméiert, datt de Curateur eng Offer fir eng Reprise zréckbehalen hätt. Mee de Choix vum Repreneur léich a senger eenzeger Verantwortung. 

De Curateur huet näischt offiziell gemaach, an hie wëllt zu dësem Zäitpunkt och nach näischt zu den neien Entwécklungen am Dossier “Liberty Steel” soen.

Tosyali wier bereet dat ganzt Personal z'iwwerhuelen

Den LCGB seet, de Konzern Tosyali géif sech a senger Offer dozou engagéieren, déi 140 Mataarbechter:inne vum Diddelenger Stolwierk z'iwwerhuelen. Dat wier eng "ganz gutt Nouvelle", seet de Robert Fornierni. D'Personal wier elo "e bësse berouegt".

Nach keng definitiv Decisioun

Trotzdeem misst ee ganz virsiichteg bleiwen, esou den LGCB, well virun enger eventueller Reprise nach eng ganz Prozedur ze maache wier.

Well den Terrain zu Diddeleng dem Staat gehéiert, muss d'Regierung ënner anerem nach eng Decisioun dozou huelen.

D'Mataarbechter:inne waarden zënter iwwer zwee Joer drop gewuer ze ginn, wéi et mam Betrib weidergeet. Liberty Steel hat d'Wierk 2019 vun ArcelorMittal iwwerholl, mee zënter e puer Joer goufen et Onsécherheeten iwwert d'Zukunft vum Wierk. Viru ronn dräi Méint war d'Faillite vu Liberty Steel aus der Industriezone tëscht Beetebuerg an Diddeleng gesprach ginn. 

Lauschterenplay_arrow