Uechter d‘ganzt Land gëtt et Sammelplaze fir d‘Luxtrust Token, erkläert de Walter Boulin vu Luxtrust. Sief et an de Banken oder a Supermarchéen. Och eng Campagne géif ufänken, fir d‘Bierger:innen ze informéieren. Den Token soll iwwerdeems just entsuergt ginn, wann den Token desaktivéiert gouf.
Knapps 7 Prozent vun den Token, déi nach am Ëmlaf sinn, goufe bis Méindeg nach net ausgeschalt. Dat well d'Leit nach net d'Migratioun op d'Applikatioun gemaach hunn.