Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nilüfer Yanya - Like I Say (I Runaway)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas geheit der Stéphanie Weydert Interessekonflikt vir

Presidentin vun der Chamber-Spezialkommissioun

Caritas geheit der Stéphanie Weydert Interessekonflikt vir

D'Fondatioun Caritas reprochéiert der Stéphanie Weydert 100,7-Informatiounen no en Interessekonflikt als Presidentin vun der parlamentarescher Caritas-Spezialkommissioun. D'CSV-Deputéiert wier als Affekotin an der Etude Arendt & Medernach ageschriwwen, an déi Etude géif och eng vun den zwou Lëtzebuerger Banke vertrieden, där hiert Verhale beim Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro juristesch a prozedural gepréift gëtt. 

auto_stories

1 min

An engem Bréif un d'Chamber, deen eis virläit, schreiwen d'Fondatioun Caritas a Caritas Accueil & Solidarité, deen Interessekonflikt vun der Stéphanie Weydert géif d'Aarbechte vun der Spezialkommissioun a Fro stellen. 

D'CSV-Deputéiert sot op eis Nofro hi, si wier net mam Reproche averstanen, well si kee Mandat vun enger Bank hätt, mee just als Deputéiert aktiv wier. Dat wéilt si um Mëttwochmoien an der Spezialkommissioun thematiséieren. 

Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet war virun der Stéphanie Weydert als President vun der Spezialkommissioun designéiert ginn. Nach éier d'Aarbechten ugefaangen haten, hat de Beetebuerger CSV-Buergermeeschter demissionéiert mam Argument hien hätt en Interessekonflikt, well hien als Affekot bei enger Etude ageschriwwen ass, déi am Dossier Caritas aktiv ass. 

Am Bréif vun der Caritas, deen eis virläit, sinn d'Fondatioun an d'CAS allgemeng der Meenung, datt an der Spezialkommissioun just allgemeng Froe kënnen opgeworf ginn, mee keng iwwer d'Caritas-Affär u sech, well do grad eng "extreem aktiv" juristesch Enquête géif lafen. 

Am Juli 2024 war bei der Hëllefsorganisatioun eng Fraude an Héicht vun 61 Milliounen Euro opgeflunn. D'Finanzdirektesch ass inculpéiert, well si d'Virementen a Spuenie gemaach huet. D'Sue konnte bis haut net recuperéiert ginn. D'Enquête vun der Justiz ass nach amgaangen.