Radioen

On air

Notturno  |  Gregario - Godwin Point In 4

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Hengen demissionéiert aus Caritas-Verwaltungsréit

Caritas-Affär

Marc Hengen demissionéiert aus Caritas-Verwaltungsréit

De laangjärege bénévolle President vu Caritas Jeunes et Famille leet all seng Ämter bei der kathoulescher Organisatioun néier. Dat huet den Direktiounsbeoptragte vum Assuranceverband de Moie per Communiqué annoncéiert ouni Grënn ze nennen. Eisen Informatiounen no sinn et professionell Grënn fir méiglech Interessekonflikter ze evitéieren.

auto_stories

2 min

Marc Hengen | © Archiv
Foto: Archiv

Hannergrond vum Marc Hengen senger Decisioun: An der Suite vum Finanzbedruch bei deem 61 Milliounen Euro geklaut goufen, annoncéiert sech ee Rechtssträit tëscht der Fondatioun Caritas Lëtzebuerg (FCL) an zwou Lëtzebuerger Banken. D'Caritas contestéiert ënnert anerem Kredittlinne vun iwwer 30 Milliounen Euro, well dës ouni déi néideg Ënnerschrëften accordéiert gi wieren.

Méiglech Interessekonflikter

De Marc Hengen fäert eisen Informatiounen no, datt ee Konflikt an enger éierenamtlecher Fonctioun net mat senger professioneller Aktivitéit kompatibel wier. De Marc Hengen ass Direktiounsbeoptraagte beim Beruffsverband vum Assurancësecteur ACA. Hie wëll sech op Nofro hin net weider zu senger Demissioun äusseren – eng Demissioun, déi mat effet immédiat gëlt.

De Marc Hengen demissionéiert net just aus dem FCL-Verwaltungsrot. Hie leet seng Ämter och bei dräi anere Caritas-Entitéiten néier, déi net vun der Fraude betraff sinn. Notamment war de Marc Hengen zënter 1999 President vu Caritas Jeunes et famille, déi personalméisseg gréissten Entitéit (ronn 700 Mataarbechter :innen) vun der Caritas bedreift weiderhi Crèchen a Maison Relaisen. D’Caritas Jeunes et famille seet dem Marc Hengen de Moie Merci fir säin Engagement an de leschte 25 Joer. Et gëtt ënnerstrach, datt Caritas Jeunes et famille net vun der Fraude bei der Caritas betraff ass. D’asbl géif souguer gestäerkt aus der Krise ervirgoen, well se hir Onofhängegkeet par rapport zu Fondatioun bewisen hätt.

FCL: Véier Demissiounen zënter Juli

E Mëttwoch hat och d’Presidentin vun der Fondatioun Caritas, Marie-Josée Jacobs, hir Demissioun annoncéiert.

Am Juli, e puer Deeg nodeems d’Fraude opgeflunn ass, hunn de Marc Entringer an de Gerd Brockhoff aus dem Verwaltungsrot vun der Fondatioun demissionéiert. Si schaffen allebéid fir d’Spuerkees, eng vun de Banke bei deenen d’Caritas hir ëmstridde Kreditter opgeholl huet.

Weiderhi Member vum FCL-Verwaltungsrot sinn elo nach de Pit Bouché, d’Nathalie Frisch, de Raphaël Loschetter, d’Marie-Christine Ries, de Patrick de Rond, d’Suzette Schannel-Serres, de Philippe Sylvestre, den Alphonse Wagner an den Emile Wirtz.