arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 65 Joer Fonds Kirchberg: Vum Europa-Quartier zum Banken- a Wunnvéierel

Stad Lëtzebuerg

|
reading time

5 min

headphones

15 min

play_arrow

65 Joer Fonds Kirchberg: Vum Europa-Quartier zum Banken- a Wunnvéierel

De Fonds Kirchberg feiert dëst Joer seng 65 Joer an ass zënter deem zoustänneg fir d’Entwécklung vum Quartier. En deen huet sech an deene Joren immens vill entwéckelt: Vun enger flaacher Wiss zu engem Europa-Quartier, dee sech zu engem Banken- a Wunnvéierel weiderentwéckelt huet.

reading time

5 min

headphones

15 min

play_arrow
De Marc Widong | © Jo Diseviscourt
De Marc Widong (Foto: Jo Diseviscourt)

De Marc Widong, Direkter vum Fonds Kirchberg, erkläert am 100,7-Interview, datt et réischt duerch de Bau vun der Rouder Bréck méiglech war, de Quartier ze erschléissen.

“Deemools hat een nach kee richtegen Zougang vun der Stad aus. (...) Eng vun den éischte Missioune vum Gesetz vun deemools war et, eng Bréck ze bauen.”

De politesche Wëllen huet zur Entwécklung vum Quartier bäigedroen

De politesche Wëllen hätt dono dozou bäigedroen, datt en europäesche Quartier entstanen ass. Lëtzebuerg hätt ëmmer schonn aktiv probéiert, Institutiounen heihin ze zéien, esou de Marc Widong.

“An der Stad hat een net vill Plaz. Dofir d’Iddi, ee Quartier européen ze maachen. (...) Eis Missioun ass et, hinne Plaz ze fannen. Entweder fäerdeg Büroen oder eng Bauplaz.”

Natierlech sinn och vill Banken op de Kierchbierg gezunn, awer och kulturell Institutiounen a Ministèren. De Marc Widong widderhëlt ëmmer nees, wéi wichteg et ass, eng Mixitéit am Quartier unzebidden.

Logement: Eng Prioritéit - net just zënter Kuerzem

Déi meeschte Leit verbannen de Kierchbierg awer nach ëmmer net mat engem Wunnquartier. Dat, obwuel mëttlerweil iwwer 6.000 Leit hei wunnen a liewen.

Effektiv ass et dem Fonds Kirchberg seng Prioritéit zënter puer Joer, fir Logement ze schafen, seet hiren Direkter.

“D’Logementskris ass do. De Fonds Kirchberg hëlleft do mat. 1961 stoung am Gesetz schonn als Missioun dran, Logement ze kreéieren.”

Ville du quart d'heure

Aktuell Beispiller sinn de Kueberbierg oder Kennedy Sud A, wou de Fonds Kirchberg selwer, oder mam SNHBM zesummen, Wunnenge baut. Fir aner Projeten si scho Concourse lancéiert.

“Iwwer déi nächst 15, 20 Joer komme 15.000 nei Leit bäi.”

Natierlech geet et net duer, just Appartementer ze bauen. Dat weess och de Marc Widong. Schoule kommen och bäi. Ênner anerem sollen een oder zwee Lycéen nach bäikommen.

D’Zil ass et, eng Ville du quart d'heure ze schafen. Alles soll also bannent 15 Minutten erreechbar sinn: Schoul, Commercen, Sport a Kultur.

"E Bësch an der Stad"

Fir d’Liewensqualitéit héich ze hale spillt d’Begréngung – grad bei esou héijen Temperature wéi elo – eng wichteg Roll. De Fonds géing sech schonn zënter laangem mat der Résilience climatique befaassen, seet de Marc Widong.

Hie betount, datt d’Wunnquartieren um Kierchbierg allgemeng gutt begréngt wieren, a schwätzt och vum Parc central, dee quasi “e Bësch an der Stad” wier.

Well de Kierchbierg op enger Kopp läit sollen och d’Frëschloftschleisen weider garantéiert sinn, soudatt ëmmer eng liicht Lëftchen duerch d’Stroosse blose kann.

An och d’Gebaier sollen esou orientéiert ginn, datt si sech net ze vill ophëtzen, erkläert den Direkter vum Fonds Kirchberg.

Kiem 2050: De Fonds huet d'Saach selwer an d'Hand geholl

E grousse Projet, deen och un e Parc grenzt, ass Kiem 2050. De Marc Widong schwätzt vun engem Projet mat “extreem ville Qualitéiten”: Vill aus Holz, verschidden Typologie vu Gebaier, vill Materialer. Dobäi komme Co-Living Méiglechkeeten a Butteker.

De Projet ass elo am Bau, ass awer och schonn duerch eng Rei Krise gaang. Dat wéinst engem Manktem un Nofro bei de Logementer, déi an der Vente waren. De Fonds Kirchberg huet d’Saach du selwer an d’Hand geholl.

“Et gëtt am VEFA gebaut a verkaf. Allgemeng kafen d’Leit méi spéit, wann d’Wunneng scho bal fäerdeg ass. Mir waren net ganz zefridde mam Verkaf an hunn deen elo nei lancéiert. (...) Mir hunn eng Rei Wunnengen opkaf a verkafen déi elo als abordabele Wunnraum. De Promoteur hätt net gebaut, wann net méi verkaf gi wier.”

Nei Kreditlinn net fir de Projet Kiem 2050 virgesinn

En neit Gesetz, dat Ufank dës Joers gestëmmt ginn ass, gesäit eng nei staatlech garantéiert Kreditlinn vun 100 Milliounen Euro vir. Déi Sue wieren awer net geholl ginn, fir de Projet Kiem ze finanzéieren, ënnersträicht de Marc Widong.

“De But vun deem Gesetz war et, de Perimeter vum Fonds Kirchberg eropzesetzen. Mir hunn dovu profitéiert fir d’Limite de crédit ropzesetzen, well wann een an Zukunft méi baue wäert, brauch een och méi eng grouss Limitt.”

D’Wunnengen am Kiem 2050 Projet hätt ee mat den eegene Sue bezuelt, betount de Marc Widong.

Fonds Kirchberg: Den Numm bleift - och wann en net ëmmer Programm ass

Rezent huet de Fond Kirchberg dann och Projeten ausserhalb vum Quartier lafen: De Projet Midfield tëschent dem Ban de Gasperich an dem Houwald.

Hei géing de Fonds Kirchberg hëllefen, e Plan directeur ëmzesetzen, dat am Optrag vum Staat. Si sinn also net Proprietär vun den Terrainen.

Als éischt gëtt e PAP ausgeschafft, erkläert de Marc Widong. Aktuell gëtt et op där Plaz just de Centre Douanier an e P&R Sud. Elo soll eng Liaisoun tëschent de Quartiere Cloche d’or an Hesper gemaach ginn.

“Mat vill Logement, abordabele Wunnengen, Büroen. E Centre sportif an eng Primärschoul, de Lycée du Centre kënnt dohin. An et ass ee gutt ugebonne mam Tram a mat der Eisebunn.”

Säin Numm wäert de Fonds Kirchberg awer trotz deene Projeten ausserhalb vum Kierchbierg bäibehalen, huet de Marc Widong verséchert.

play_arrow Lauschteren