arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Frankräich ass haut Schoulrentrée fir 11,6 Millioune Schüler:innen

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

A Frankräich ass haut Schoulrentrée fir 11,6 Millioune Schüler:innen

D'Schoulrentrée geet dëst Joer mat e puer Ännerungen un, dorënner d'Handyverbuet an de Lycéeën. D‘Rentrée ass och markéiert duerch déi grouss Cyberattack Enn Juli op d‘Educatioun a Frankräich. A verschiddenen Akademien hunn d‘Enseignanten nach ëmmer keen Accès op hir E-Mailen oder Schüler-Donnéeë.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Bis elo war den Handy a Frankräich just an de Primärschoulen an an de Collègen verbueden. Mat dëser Rentrée gëllt d'Verbuet och an de Lycéeën.

Nach kee gesetzleche Kader

Am Gesetzestext heescht et, datt déi intern Reglementer an de Gebaier ugepasst musse ginn. Dat brauch Zäit an dowéinst wäert d’Verbuet zwar vun haut un offiziell a Kraaft sinn, mee wuel an de mannste Lycéeën applizéiert ginn.

De Verband vun den Enseignanten an och vill Juristen haten an de leschte Woche kritiséiert, datt nach vill rechtlech an organisatoresch Froen net gekläert sinn. Zum Beispill, wou d’Handye solle stockéiert ginn oder wien haftbar ass, wann en Handy verluer geet oder beschiedegt gëtt.

Sexuell Iwwergrëffer an de Schoulen

Fir vill Eltere steet awer bei der Rentrée e ganz anere Sujet am Fokus. An de leschte Méint koum et ëmmer nees zu Fäll vu sexueller Gewalt am franséische Schoulsystem, notamment zu Paräis. Hei lafen den Ament eng 200 Enquêtë wéinst sexuellen Iwwergrëffer. 

Den Educatiounsminister Édouard Geffray sot op enger Pressekonferenz, et géif alles ënnerholl ginn, fir d’Schüler:innen ze schützen. Ënner anerem wäert een am November mat Hëllef vun engem Questionnaire an de Schoulen de Jonken d’Chance ginn, hir Erfarunge matzedeelen, wéi de Minister op France Inter erkläert huet.

Nationaalt Regëster fir Täter besser ze erkennen

Iwwerdeems wëllt d’Regierung en nationaalt Rëgester schafen, an deem Persounen aus dem Enseignement opgelëscht ginn, déi wéinst sexuellen Iwwergrëffer entlooss goufen, fir datt si dono net méi an anere Schoule kënne schaffen.

play_arrow Lauschteren