Radioen

On air

9 bis 1  |  Gospel Emcee - Je Te Poursuivrai

play_arrow Live
search

/ Aarbechts- a Wirtschaftsministère sinn a Kontakt mat Liberty Steel

Aarbechter:inne waarden op hire Salaire

Aarbechts- a Wirtschaftsministère sinn a Kontakt mat Liberty Steel

D‘Ministere fir Ekonomie an Aarbecht sinn a Kontakt mat der Direktioun vu Liberty Steel a si hoffen, datt eng Léisung ka fonnt ginn, fir de Site zu Diddeleng ze erhalen. Dat äntweren de Lex Delles an de Georges Mischo op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

auto_stories

1 min

Déi 149 Mataarbechter:inne vu Liberty Steel zu Diddeleng hätten hire Salaire fir de Mount August och bis de 15. September nach ëmmer net bezuelt kritt. 

Den Datum fir d‘Salairesiwwerweisunge wier nach emol op de 19. September verréckelt ginn, heescht et an der LSAP hirer parlamentarescher Fro, mat Verweis op Informatioune vun de Gewerkschaften.

Dozou preziséieren déi zwee Ministeren: Am Fall wou den Employeur d‘Salairen net méi kéint bezuelen, wieren am Lëtzebuerger Aarbechtsgesetz spezifesch Mesurë virgesinn.