Den Direkter Carlo Thelen weist bei der Presentatioun vum Avis vun der Chambre de Commerce iwwer de Staatsbudget 2025 besonnesch op d’Risike vun der Bevëlkerungsalterung hin.
D’Cotisatioune wäerte vun 2026 un net méi duergoen, fir d’Depensen ze decken, esou d’Christel Chatelain, Directrice des Affaires Economiques vun der Chambre de commerce:
"Tëscht 2023 an 2028 wäerten d'Depensen ëm 7,2 Prozent pro Joer klammen, wärend d'Recetten nëmmen ëm 4,7 Prozent wuessen. Schonn 2026 wäerten d’Cotisatiounen net méi duergoen, fir d'Depensen ze decken."
Fuerderung fir direkt Reformen
Vun 2033 géif de System defizitär ginn a bis 2047 wiere se komplett opgebraucht. D’Chambre de Commerce fuerdert dofir direkt Reformen, wéi d'Adaptatioun vun den Depensen an eng Diskussioun iwwert d’Altersgrenz. Also ob de Pensiounsalter erhéicht soll ginn, fir de System finanziell stabil ze halen.
Si betount och d’Wichtegkeet, d’Kompetitivitéit ze stäerken, méi an de Logement z’investéieren an d’Digitaliséierung virunzedreiwen. D'Energietransitioun an d’Verdeedegungsausgabe gesäit si als weider grouss Erausfuerderungen.