Zuelen aus der Wirtschaft wieren iwwert de Summer net besser ginn. Dofir wier d‘Decisioun vun der EZB eng Iwwerraschung gewiescht. Konjunkturell hätt et souguer éischter eng Verschlechterung ginn.
"Dat heescht, an deem Sënn ass et ee schlecht Zeeche fir dëst Joer oder fir dëst Halleft Joer, wou warscheinlech dann d'Tendenz éischter méi schlecht war."
Op der anerer Säit wäert déi Baisse der Wirtschaft Loft no uewe ginn. Déi staark käschten an de leschten zwee Joer hätten d‘Wirtschaft gebremst, ënnersträicht den Tom Haas.
Approche fir de PIB ze rechnen hëlleft net fir Previsiounen
Mat der Approche wéi zu Lëtzebuerg de PIB gerechent gëtt kann een iwwerdeem net wierklech rausfannen, bei wiem de Plus u Wuelstand um Enn ukënnt. Dat war ee vun de Constate vum neien Direkter vum STATEC. Am Verglach zu anere Länner géifen zu Lëtzebuerg nämlech haaptsächlech Donnéeën iwwer d’Produktioun benotzt ginn, erkläert den Tom Haas. Déi Zuele wiere volatil, wat d‘Previsiounen an d‘Statistike produzéieren net méi einfach géife maachen.
„An anere Länner ginn zwou, oder souguer dräi Approchë benotzt, déi all theoretesch zu deem nämmlechte Resultat féieren. Dat heescht wat een méi Donnéeën huet fir déi eenzel Approchen ze berechnen, wat dat d’Zuele méi zouverlässeg mécht.“
Zu Lëtzebuerg géife virop d‘Zuelen iwwer de Revenu feelen, erkläert den Tom Haas. Aktuell wiere Gespréicher um lafen, fir anonymiséiert Donnéeë vun der Steierverwaltung ze kréien, fir dann d’Berechnunge vum PIB nach verbesseren ze kënnen.