E Papp a säi Fils konnte gëschter lieweg aus dem Trümmerfeld gerett ginn. Amerikanesch a franséisch Rettungsequippen haten déi Zwee gebuergen, wéi et vun offizieller Säit heescht. D‘USA hunn iwwerdeems weidert Militär als Ënnerstëtzung an d‘Land geschéckt.
Haaptstad Caracas gouf schwéier getraff
D'Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 7,2 a 7,5 op der Richterskala leschte Mëttwoch, hu grouss Schied am Küstestad um Südamerikanesche Kontinent hannerlooss. Dronebiller weisen d'Ausmooss vun der Katastrophe. Iwwer 200 Gebaier goufe komplett zerstéier, eng sëllegen anere sinn deelweis agestierzt.
D'Schoule bléiwen och nach dës Woch zou. D'Küstestad La Guaira am Norde vu Venezuela, esou wéi d'Haaptstad Caracas, déi just knapps eng hallef Autosstonn vun der Karibescher Küst fort leit, louchen am Zentrum vum Biewen.
E Land dat schonn déif an der Krise war
Lokal Organisatioune reprochéieren der venezuelanescher Regierung sech net genuch engagéiert ze hu fir de Léit ze hëllefen. Et hätt u Material an u Fachpersonal gefeelt fir no den Iwwerliewenden ze sichen, grad an den éischte Stonnen, esou de Reproche. Deelweis hätten d'Awunner mat den Hänn no hire Familljemembere gruewe misse.
No engem Äerdbiewe sinn déi éischt 72 kruzial, dono sénken d'Iwwerliewenschance rasant.
Och d'Oppositioun üübt Kritik. Zënter Jore géife Suen net op de richtege Plaz ukommen. Et wier ee och Joerzéngten hannendra wat beispillsweis d'Rettungsequipement ugeet, esou nach ee Geschäftsmann vis-a-vis vun der BBC.
Friedensnobelpräisgewënnerin Machado wëll zréck a Venezuela
D'Regierungsgeschäfter leien den Ament bei der Delcy Rodríguez. Si war Vize-Presidentin ënner dem Nicolás Maduro, dem eigentlechem President, deen am Januar dëst Joer, bei engem US-Militärasaz aus dem Land entfuert gi war. D’USA wéilte sécherstellen, datt Venezuela “uerdentlech” regéiert gëtt, esou eng vun den Explikatioune vum US-President Donald Trump no der Militäraktioun.
Déi venezuelanesch Friedensnobelpräisgewënnerin María Corina Machado lieft den Ament am Exil. Si wéilt no dem Äerdbiewen zréck an hier Heemecht reesen, dat sot si an engem Interview dem Noriichtesender Fox News, deen als Trump-no gëllt.