arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Majoritéit bei de Presidentschaftswalen: Kolumbien geet an eng Stéchwal

Südamerika

|
reading time

1 min

Keng Majoritéit bei de Presidentschaftswalen: Kolumbien geet an eng Stéchwal

D'Presidentewal a Kolumbie geet an dräi Wochen an eng Stéchwal. Dat tëschent dem rietsen Affekot Abelardo de la Espriella, e Bewonnerer vum Donald Trump, an dem lénke Senateur Iván Cepeda, en Alliéierte vum aktuelle President Gustavo Petro.

reading time

1 min

De kolumbianesche Presidentschaftskandidat Abelardo de la Espriella | © EPA/Ernesto Guzmán Jr
De kolumbianesche Presidentschaftskandidat Abelardo de la Espriella (Foto: EPA/Ernesto Guzmán Jr)

Gëschter krut kee vu béide Kandidaten déi néideg 50 Prozent fir am éischten Tour ze gewannen. Dee rietse Kandidat la Espriella krut am éischten Tour knapp 44 Prozent, an dee lénke Politiker Cepeda ronn 41 Prozent vun de Stëmmen.

Haapttheema bei de Walcampagne war d‘Sécherheetssituatioun. Ënner dem aktuelle President ass de Chômage a Kolumbien zeréckgaangen, mee d‘Gewalt an d‘Drogekriminalitéit hu staark zougeholl.