Grouss Zeeche vu Solidaritéit am ganze Land, eng méi grouss Presenz an de soziale Medien an opportunistesch sozial a wirtschaftlech Moosname gi senge Supporter nei Hoffnung.
Lula ass en "Oldie"
De Lula da Silva geet schonn a seng siwent Presidentschaftswal. Et kann een also soen, datt den 80-Joer ale Politikroutinier wosst u wat e géing schwätzen, wou en nom éischte Walgang - wou e vum Flavio Bolsonaro ëm méi wéi zwou Millioune Stëmmen iwwerholl gi war - annoncéiert huet, datt en neie Walkampf géif lassgoen. Mam Zil de 25. Oktober nees President ze ginn.
Grouss Manifestatiounen
Zënterdeem huet de Kapp vun der lénker Beweegung säi Wuert gehalen. A seng Unhänger hunn am grousse Stil matgemaach. Et ass keen Dag vergaang, wou net zéngdausende Leit op d'Strooss gaange sinn, fir déi 33 Milliounen Netwieler aus dem éischte Walgang dozou opgeruff hu bei hir Walurn ze goen. An do "géint d'Diktatur a fir d'Demokratie" ze wielen.
Nei ass, datt déi Mobiliséierung och grouss an de soziale Medien ugekënnegt ginn. De Lula schéngt also agesinn ze hunn, datt hie mat de nämmlechte Waffe wéi seng Géigner kämpfe muss. Déi Riets a Brasilie sinn an där Hisiicht nämlech besonnesch verséiert.
Manner Aarbechtszäit fir 13 Millioune Brasilianer
Virun allem huet de Lula awer op en Neits säi politescht Geschéck ënner Beweis gestallt, andeems hien am Senat e Gesetz duerchbrénge gelooss huet, wat zwee Roudeeg an der Woch garantéiert. Déi Moosnam kënnt 14 Millioune Brasilianer zegutt.
Säi Géigner, de Flavio Bolsonaro hat sech laang dogéint gestallt fir de Support vum Patronat ze sécheren. En vue vu sou engem grousse sozialen Accompli huet hien awer finalement dozou opgeruff dofir ze stëmmen.
Tatsächlech schéngt de Bolsonaro-Clan dem Lula sengem Rhythmus ze suivéieren. Trotzdeem huet de flavio Bolsonaro zeréckgeschlo a seng Supporter dozou opgeruff dëse Weekend zu Rio de Janeiro an zu Sao Paulo ze demonstréieren.
Eng enk Course
Haut den Owend sollen déi zwee Presidentschaftskandidaten déi éischte Kéier an engem TV-Duell openee treffen. E Moment op dee sech de Lula, eegenen Aussoen no, scho freet.
Sou oder sou wäert et eng enk Ugeleeënheet ginn. Den aktuelle Sondagen no krit de Flavio Bolsonaro 51 Prozent vun de Stëmmen an de Lula 49 Prozent. Nom éischte Walgang louchen nach véier Prozentpunkten tëschent deenen zwee.
Text vun eisem Brasilien-Korrespondent Jean-Claude Gerez