arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Inflatioun a Brasilie klëmmt weider - Déi nächst Presidence dierft et schwéier hunn

Brasilien

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Inflatioun a Brasilie klëmmt weider - Déi nächst Presidence dierft et schwéier hunn

Am Oktober gëtt a Brasilie gewielt. An der Course sinn den Ament mol den aktuelle President Lula grad ewéi dem fréiere President Bolsonaro säi Fils. Wien och ëmmer den neie President gëtt, wäert eng grouss ëffentlech Schold ierwen.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/ISAAC FONTANA
(Foto: EPA/ISAAC FONTANA)

Déi Regierung, déi wäert am Oktober gewielt ginn, dierft et schwéier hunn. Wirtschaftsanalytiker no wäert se ganz wéineg Spillraum hunn an am Budget wäerte musse schwiereg Upassunge gemaach ginn. 

D'Depensë vum Staat sinn den Ament méi héich wéi d'Recetten an deemno klëmmt déi ëffentlech Schold weider. Verschidden Analytiker no dierft d'Schold d'nächst Joer op 88 Prozent vum PIB klammen. 

Och de Chômage kéint klammen

Fir d'Inflatioun esou niddreg wéi méiglech ze halen, ass de Leetzëns op der braislianescher Zentralbank den Ament bei 14 Prozent. Dëst huet fir d'Stéit enorm Auswierkungen: 82 Prozent vun de Stéit mussen nämlech Scholden zeréckbezuelen. 

Derbäi kënnt, datt d'Entreprisen sech net moderniséieren. 22 Prozent vun den Entreprisen hunn Hëllefe beim Staat ugefrot. De Chômage, deen aktuell bei 5,4 Prozent läit, kéint verschidden Analytiker no op 6,5 Prozent klammen. 

Text vum Jean-Claude Gerez

play_arrow Lauschteren