arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mark Carney ass fir eng "Allianz fir d’Zukunft" tëschent EU a Kanada

 EU-KANADA

|
reading time

3 min

Mark Carney ass fir eng "Allianz fir d’Zukunft" tëschent EU a Kanada

"Mir begréissen dat Zil", esou de kanadesche Premier am Europaparlament iwwert d’Propos vun enger associéierter EU-Memberschaft vun der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen. Europa a Kanada wieren zesumme méi staark, seet de Mark Carney viru begeeschterten EU-Deputéierten.

reading time

3 min

© European Union 2026
(Foto: European Union 2026)

D’Ried am Europaparlament huet mat Verspéidung ugefaangen. Dat well an den ënneschte Reie vum Hemicycle zu Stroossbuerg e bësse Gedrécks war, wéinst dem groussen Interessi, ee Selfie mam Éieregaascht ze maachen.

“D’Fräiheet am Liewe muss ee sech all Dag nei verdéngen”, esou de kanadesche Premier um Ufank vu senger Ried, an där hien déi enk Lienen tëschent Europa a Kanada ënnerstrach huet.

Béid Säite sinn zesummen nach méi staark

Béid Partner hätten déi nämmlecht Virstellungen doriwwer, wéi eng Demokratie misst ausgesinn. Et wier eng selwer erausgesichten Allianz, keng zoufälleg, esou de Mark Carney.

“Kanada an d’EU sinn alle béid staark. Mee zesumme si mer nach méi staark”

D’Propos vun der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun vum Dag virdrun huet de liberale Politiker explizit begréisst.

“Kanada begréisst dat Zil”, esou de Mark Carney a senger Ried, déi ëmmer nees duerch Applaus ënnerbrach gouf.

Ëmfroen hätte gewise, datt a sengem Land eng däitlech Majoritéit vun de Leit eng méi enk Relatioun mat der EU ënnerstëtzen.

Kee Projet "géint" eppes

Kritesch Matières Premieren, Defenseindustrie, Kënschtlech Intelligenz, Energieversuergung, Finanzservicer: Minuttelaang huet de Mark Carney Beräicher opgezielt, an deene béid Partner méi enk zesummeschaffe kéinten.

Et géing net drëm, een drëtte Block ze schafen, deen als Konkurrent vun de Groussmuechten, "just mat bessere Manéieren", optrëtt, preziséiert de Mark Carney, mat enger Uspillung un d’Behuele vum President vun den USA.

Den Donald Trump awer ernimmt de kanadesche Premier net eng Kéier a senger Ried. Och net, wéi hien an der Pressekonferenz dono direkt op d’Menace vum amerikanesche President vun hënt ugeschwat gouf.

Eng méi enk Relatioun tëschent EU a Kanada wier ee positive Projet, eng Allianz fir eppes. An ee méi staarkt Kanada kéint och fir d’USA ee bessere Partner sinn.

"Associéierten EU-Member" oder "Allianz fir d’Zukunft"?

Opgefall ass, datt de Mark Carney a senger Ried vun enger "Allianz fir d’Zukunft" geschwat huet.

Den Term "associéiert EU-Memberschaft", deen d’Ursula von der Leyen deen Dag virdrun an hirer Ried zur Lag vun der Unioun gebraucht hat, war a Kanada virun allem vun der Oppositioun attackéiert ginn.

"Wat zielt ass de Contenu", sot dozou de Mark Carney. Et stéing ee ganz um Ufank vun engem Prozess. Um Enn dovu géing d’Parlament a Kanada iwwer d’Resultat ofstëmmen.

Den EU-Kanada-Sommet Enn Oktober zu Montreal wier eng gutt Geleeënheet, d’Diskussioune méi am Detail virunzeféieren.

CETA-Accord nach ëmmer nëmme virleefeg a Kraaft

Schonn elo wier Kanada een enken Alliéierten, huet an där Pressekonferenz d’Presidentin vum Europaparlament betount.

D’Roberta Metsola huet op den EU-Handelsvertrag mat Kanada "CETA" verwisen. Dee Vertrag hätt dofir gesuergt, datt den Handelsvolume tëschent béide Partner ëm 75 Prozent eropgaangen ass.

D’Geschicht vun deem Accord awer weist, datt déi aktuell Dynamik méi enk un déi problematesch Relatioun mat den USA ënnert dem Donald Trump gebonnen ass, wéi een dat no baussen zougi wëll.

CETA ass zënter 2017 a Kraaft, allerdéngs bis elo just provisoresch. Zéng EU-Memberstaaten hunn den Accord nach ëmmer net ratifizéiert. Dorënner d’Belsch, Frankräich an Italien.

Zu Lëtzebuerg hat d’Chamber am Juni 2020 duerch déi deemoleg Majoritéit vun DP, LSAP a gréng dofir gestëmmt, d’Handelsofkommes ze adoptéieren.