arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rieden iwwer Krich a Krisen dominéieren op der UN-Vollversammlung zu New York

International

|
reading time

2 min

Rieden iwwer Krich a Krisen dominéieren op der UN-Vollversammlung zu New York

Op der UN-Vollversammlung stiechen dëst Joer Riednerinnen a Rieder eraus, déi aus Krich- a Krisegebitter kommen. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj appelléiert beispillsweis un d’Diplomatie an d’Deseskalatioun am Krich mat Russland. Den Donald Trump par contre schwätzt vu Fridden.

reading time

2 min

Nieft dem ukrainesche President huet och den iranesche President an d'Interimspresidentin vu Venezuela Riede virun der UN-Vollversammlung gehalen.. fir just dräi Riedner erauszepicken, aus de ville Länner op der Welt, wou den Ament Kricher oder Krisenzäiten herrschen.

Den Dag viru senger Ried hat de Wolodymyr Selenskyj nach den Donald Trump getraff. Den US-President hat a senger Ried op de Vereenten Natiounen nees gesot, hie géif un en Enn vum Krich an der Ukrain gleewen.

Putin op Miami invitéiert 

Den Dag drop huet d’Trump-Regierung gesot, si wéilten de russesche President Wladimir Putin op de G20-Sommet dëst Joer op Miami alueden. Eng Äntwert vu Moskau gouf et nach keng. Et wier reng theoreetesch eng Méiglechkeet fir en Treffen tëschent Selenskyj a Putin.

Zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun viru méi wei fënnef Joer hunn si sech net gesinn.

Selenskyj: Dëse Wanter géif haart ginn 

Zu New York gouf vill iwwer eng méiglech limitéiert Wafferou geschwat, eng déi et béid Säite géif verbidden hir respektiv Energie-Secteuren unzegräifen. Weder Moskau nach Kiew si prett fir esou e Schrëtt. D’USA wieren awer prett fir ze vermëttelen. 

De Selenskyj huet a senger Ried nees un de schlëmme mënschleche Bilan vum Krich erënnert.

"D’Ukrainer:innen wëssen, datt dëse Wanter besonnesch haart ka ginn. Als Äntwert hu mir kee Choix: Mir musse Russland d’Liewen och schwéier maachen. Dofir soe mir, datt Schrëtter Richtung Deseskalatioun wichteg sinn. Mir brauche se elo."

Bei der Deeskalatioun kéint d'Trump-Regierung probéieren, eng Hand mat unzepaken, mengt den ukrainesche President.

Walen a Venezuela en vue 

Amerikanesch Militär-Interventioune waren e Leitmotiv op der UNO-Vollversammlung. Esou huet d’Delcy Rodriguez gesot, datt a Venezuela Wale sollen organiséiert ginn.

Si ass zu Caracas um Pouvoir nodeems d’USA de Nicolas Maduro entféiert haten. Hien ass elo zu New York am Prisong, just e puer Kilometer vum UN-Gebai fort.