Och wann déi neiste Sondagen den 80-Joer ale Lula liicht vir gesinn, dierft et e spannende Walkampf ginn.
Lula fokusséiert sech op déi Aarm
Mat Moossnamen, wéi enger Vereinfachung e Prêt ze kréien, enger Mindestlounerhéijung oder der Ëmschëldung vu Privatstéit huet de Lula sech fir déi Aarm agesat. Allerdéngs huet en och de Staatsdefizit erhéicht. An och wann de Chômagetaux bei 5,4 Prozent nach relativ niddereg ass, beonrouegt déi wirtschaftlech Lag, déi brasilianesch Ëffentlechkeet.
Déi Evangelikal op seng Säit zéien
Dem Lula, dee seng véiert Amtszäit ustrieft, säin Haaptkonkurrent ass de Senateur Flavio Bolsonaro. Hie gouf vu sengem Papp, dem Jair Bolsonaro an d'Course ëm d'Presidentschaft geschéckt. Dee gouf am September 2025 wéinst engem Putschversuch zu 27 Joer Prisong verurteelt. Zil ass et hei d'Stëmme vun den evangelikale Chrëschten ze gewannen. Déi maachen nämlech 30 Prozent vun der Wielerschaft aus.
Well et dem Flavio Bolsonaro net geléngt d'Wieler:innen mat moralesche Wäerter ze vereenen, schléit hien e Regierungsprogramm vir, deen haaptsächlech um Ofbau vu soziale Programmer an enger méi staarker Sécherheetspolitik baséiert ass. Dat soll der zouhuelender Gewalt entgéintwierken, déi fir vill Brasilianer:innen en Haaptproblem an hirem Land duerstellt.
Donald Trump weist kloer wien hie supportéiert
Iwwerdeems kann den eelste Jong vum Jair Bolsonaro op de Support vum US-President Donald Trump zielen. Deen notzt déi successiv Erhéijung vun den Douanestaxe fir de Walkampf ze beaflossen an dat lescht südamerikanescht Land, dat vu Lénke regéiert gëtt, no riets ze kippen.
Dat awer ouni gréissere Succès. De Lula léisst nämlech keng Geleeënheet aus, d'Amëschung vum US-President ze condamnéieren an eng souverän Linn ze behalen.
Text vun eisem Korrespondent aus Brasilien Jean Claude Gerez