arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AfD-Visioun fir d’EU: Just nach eng Optioun fir "Raus aus dem Euro"

NEW DEAL FOR EUROPE

|
reading time

4 min

AfD-Visioun fir d’EU: Just nach eng Optioun fir "Raus aus dem Euro"

Keen Dexit méi, an och kee kategoreschen Neen zum Euro, dofir awer eng staark ofgeschwächten EU-Kommissioun an een Europaparlament mat just nationalen Deputéierten: Déi däitsch AfD-Cheffin Alice Weidel huet zu Stroossbuerg hir Visioun fir d’EU presentéiert.

reading time

4 min

© picture alliance/dpa | Ann-Krisitn Wenzel
(Foto: picture alliance/dpa | Ann-Krisitn Wenzel)

Als éischt hat d’Marine Le Pen vum franséische Rassemblement National déi lescht Woch hir Pläng fir d’Zukunft vun der Europäescher Unioun presentéiert.

E Mëttwoch war et dunn un der Alice Weidel vun der däitscher “Alternative für Deutschland”, dat nämmlecht ze maachen.

"New Deal for Europe"

“A new Deal for Europe” - ënner deem engleschen Titel huet d’AfD an enger Pressekonferenz am Europaparlament zu Stroossbuerg hir Visioun fir d’Europäesch Unioun virgestallt.

D’Partei, déi vum däitsche Verfassungsschutz als "geséchert riets extremistesch" agestuuft gëtt, geet dobäi net zëmperlech mat der EU ëm: Hiert Zil ass et ënner anerem, d’Europawalen ofzeschafen an d’Roll vun der Europäescher Kommissioun staark ofzeschwächen.

Alice Weidel: EU beraubt Bürger ihres Wohlstands

Geet et der AfD no ass 2029 net nëmme fir Däitschland een decisiivt Joer, mee och fir d’Europäesch Unioun.

Dann nämlech, wann “d’Alternative für Deutschland” an Däitschland um Rudder wier, misst dës Unioun staark reforméiert ginn, esou d’Alice Weidel zu Stroosbuerg.

"Diese Union führt in ihrer jetzigen Form dazu, dass wir unseres materiellen und immateriellen Wohlstands beraubt werden. Die Europäer verarmen (...) wir haben offene Grenzen weiterhin, wir werden weiter überrannt"

Wéi déi EU reforméiert soll ginn, kann een op 25 Säiten an engem neie Grondsazpabeier, deen eis virläit, noliesen.  

EU-Kommissioun an EU-Parlament staark ofschwächen

Virop wëllt d’"Alternative für Deutschland" d’Europäesch Kommissioun an d’Parlament staark degradéieren.

Eng Kommissiounspresidentin dierft net engem Staatschef virschreiwen, wéi dee säi Land ze regéieren huet, seet de René Aust, de Chef vun der AfD-Delegatioun, déi am aktuellen Europaparlament op 15 Membere kënnt. 

“Es muss anders herum sein. Die Kommission muss ein Diener der europäeschen Völker sein.”

An enger AfD-EU géif d’Europaparlament a senger aktueller Form ofgeschaaft ginn. D’Europawale géifen et keng méi ginn an am EU-Parlament séizen Delegéiert aus den nationale Parlamenter. 

National Regierungen a Parlamenter mussen decidéieren

D’Alice Weidel ass iwwerzeegt: D’Kompetenze missten nees zeréck bei déi national Regierungen a Parlamenter. Si missten d’Decisiounen huelen. 

Den Europäesche Geriichtshaff, heescht et am AfD-Pabeier, wier just nach e Schidsgeriicht mat der Aufgab, iwwer inter-gouvernemental Streidereien ze tranchéieren. 

Dernieft soll de "Green deal" fir de Klimaschutz ofgeschaaft ginn, genee ewéi d’Ëmverdeele vu Migrant:inne bannent der EU. 

Däitschland brauch een "Opt-out"

Eent ass ganz déif an där Visioun vun der AfD verankert: Däitschland sollt a ville Beräicher d’Méiglechkeet vun engem “Opt-Out” kréien.

Zum Beispill am Schengenraum. Grenzen ze schütze wier eng national Decisioun, stellt d’Alice Weidel kloer. Wa Schengen net funktionéiert, musse mir do eraus, seet AfD-Cheffin. Prinzipiell géif hir Partei sech dofir asetzen, datt all kéiers wann d’EU verseet, d'Länner ee Veeto-Recht missten hunn, een Opt-out. 

"Raus aus dem Euro" ass net méi aktuell

Wat ass dann aus där aler AfD-Fuerderung ginn, datt Däitschland raus aus dem Euro muss? 

Am Grondsazpabeier gëtt zwar ferm géint d’Reegele vum Stabilitéitspakt a géint déi Europäesch Zentralbank gewiedert,  vun engem zeréck bei D-Mark ass awer am Fong net rieds.

D’Fro vum Euro ass an der AfD nach net ganz ausdiskutéiert, erkläert d’Parteicheffin.

Esou ganz ass och een Austrëtt aus der EU net vum Dësch.

Gëtt d’EU net esou reforméiert, wéi sech d’Partei dat virstellt, da misst dat däitscht Vollek decidéieren, wéi ee Wee säi Land aschloe soll, heescht et am Text. 

“Wir wollen unseren fairen Beitrag zu einer Europäischen Gemeinschaft leisten. Alledrings wird die Zeit ein Ende haben, in der wir als Deutsche Zahlmeister Europas sind.”

Offréiert de René Aust nach als Perspektiv, fir de Fall datt d’AfD un d’Muecht kënnt.

Oppe Froen a Widderspréch

Villes bleift op no der Pressekonferenz an der Lektür vum Grondsazpabeier. An et bleiwen och Widderspréch: Zum Beispill deen, datt ee plazeweis EU-Diktater wéi an der Energiepolitik ofschafe wëllt, déi et guer net ginn. 

Widderspréchlech ass och, datt den EU-Budget ganz däitlech gekierzt soll ginn, een awer explizit dergéint ass, de roude Bic beim gréissten EU-Dëppen - den Agrar-Subsiden - unzesetzen. 

Dat kéint direkt domat ze dinn hunn, datt Däitschland nieft Frankräich dat EU-Land ass, wat mat am meeschte vun deene Subside profitéiert.