arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AfD hofft op absolut Majoritéit a Sachsen-Anhalt

Landtagswalen a Sachsen-Anhalt

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

AfD hofft op absolut Majoritéit a Sachsen-Anhalt

Am däitsche Bundesland Sachsen-Anhalt gëtt dëse Sonndeg gewielt. An de Sondagë läit déi rietsextrem AfD mat groussem Virsprong un der Spëtzt. Sollt d’Partei eng absolut Majoritéit kréien, da wier et déi éischt rietsextrem Landesregierung an Däitschland zënter dem Nationalsozialismus.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Méiglech ass awer och, datt guer keng Koalitioun mat enger Majoritéit zustan kënnt.

Sachsen-Anhalt ass eent vun de méi klengen däitsche Bundeslänner. Knapp 1,7 Millioune Leit sinn dëse Sonndeg walberechtegt, wann en neie Landtag zu Magdeburg gewielt gëtt.

Eng vun de wichtegste Landtagswahlen an der däitscher Geschicht

Déi rietsextrem AfD steet an de Sondagë bei iwwer 40 Prozent – a si gräift no der Muecht.

D’Zil vum Spëtzekandidat Ulrich Siegmund: Eng absolutt Majoritéit.

"Nach der Wahl muss das umgesetzt werden, was ich vor der Wahl angekündigt habe. Das kann ich aktuell mit keinem anderen. Das sind die Leute, die Deutschland dahin gebracht haben, wo es sich aktuell befindet. Wie soll ich mit solchen Leuten Deutschland oder Sachsen-Anhalt retten? Deswegen müssen wir es alleine machen."

D’AfD wëllt just mat enger absolutter Majoritéit regéieren – an net op eng aner Partei ugewise sinn. Déi etabléiert Parteie wëllen och keng Koalitioun mat der AfD. 

Just d’Bündnis Sahra Wagenknecht géif eng Kooperatioun consideréieren – ob d’BSW awer iwwerhaapt an d’Parlament zu Magdeburg kënnt, ass onkloer.

D’Konstellatioun a Sachsen-Anhalt ass komplizéiert: Hannert der AfD steet d’CDU vum aktuelle Ministerpresident Sven Schulze an de Sondagë bei ronn 23 Prozent. Duerno kommen d’Lénkspartei mat ronn 11, d’SPD mat ronn 8 an d’B90/DieGrünen mat ronn 6 Prozent.

D'CDU wëllt sech net ofhängeg maachen

Fir eng eege Majoritéit bräicht d’CDU also zimmlech warscheinlech d’Hëllef vun allen anere Parteien – och der Lénkspartei. Mat där wëllen d’Chrëschtdemokraten awer och net offiziell zesummeschaffen. De Sven Schulze:

"Ich habe mich noch nie, und das mache ich auch nicht, von irgendjemandem abhängig gemacht. Das gilt heute und das gilt auch in der Zukunft."

Wann d’AfD also déi absolutt Majoritéit net kritt, da bleift a Sachsen-Anhalt d’Méiglechkeet vun enger Minoritéitsregierung.

An deem Fall wier de Sven Schulze drop ugewisen, datt d’Deputéiert vun der Lénkspartei hien zum Ministerpresident wielen. Duerno misst am Landtag bei all Projet ëm eng Majoritéit gekämpft ginn.
De Moment regéiert zu Magdeburg eng Koalitioun mat CDU, SPD an FDP, déi de Sondagen no, hir Majoritéit wäert verléieren.

play_arrow Lauschteren