arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Boris Pistorius a Cem Özdemir fuerdere Verbuet vun der AfD

Däitschland

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Boris Pistorius a Cem Özdemir fuerdere Verbuet vun der AfD

Eng Réi héichrangeg däitsch Politiker fuerderen e Verbuet vun der Partei AfD. An engem oppene Bréif maachen de Verdeedegungsminister Boris Pistorius (SPD), an de grénge Ministerpresident vu Baden-Württemberg Cem Özdemir, Reklamm fir e Verbuetsverfahren.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
AfD | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
AfD (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Si gesinn eng Chance, viru Geriicht domat duerchzekommen.

E Verbuet vun der AfD wier juristesch méiglech, et géife genuch Beweiser ginn, an et wier vun der Verfassung gebueden.

Dat schreiwen den Cem Özdemir an de Boris Pistorius an engem Gaaschtbäitrag an der Frankfurter Allgemeine Sonntagszeitung.

Béid Politiker wëllen domat zu engem Verbuedsverfahren géint déi rietsextrem AfD opruffen. Och wann dat um Enn just dozou géif féieren, datt d’Partei a verschiddenen Deeler vun Däitschland géif verbuede ginn.

Opruff kuerz viru Landtagswalen

Den Zäitpunkt vun hirem Opruff ass pertinent. E Sonndeg de 6. September, gëtt am ostdäitsche Bundesland Sachsen-Anhalt gewielt. An déi rietsextrem AfD steet an de Sondagë bei iwwer 40 Prozent. Et ass méiglech, datt fir déi éischte Kéier zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich eng rietsextrem Partei d’Muecht an engem däitsche Bundesland iwwerhëlt.

Iwwert e Parteiverbuet géif d’Bundesverfassungsgeriicht decidéieren. Zu engem Verfare kennt et awer just, wann de Bundestag, de Bundesrat oder d’Regierung direkt eng Motioun stellen.

Skepsis bei Regierungsparteien CDU an CSU

Besonnesch an der Unioun vun CDU an CSU gëtt et vill Skepsis, op e Verbuetsverfahren iwwerhaapt kéint Succès hunn.

Den Cem Özdemir an de Boris Pistorius ënnerscheeden an hirem oppene Bréif tëscht zwee Flilleke vun der AfD: engem däitsch-nationalen Deel, deen eventuell kéint mat der Verfassung vereenbar sinn, an e vëlkeschen Deel, deen der Demokratie an der Verfassung contraire géintiwwer géing stoen. Deen Deel, deen och zum Beispill a Sachsen-Anhalt virherrschend ass, misst esou séier wéi méiglech verbuede ginn, sou déi zwee Politiker. 

play_arrow Lauschteren