Radioen

On air

9 bis 1  |  This Is The Kit - This Is What You Did

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär de Nutte: Verschidde "Campen" a géigesäiteg Virwërf

Sport

Affär de Nutte: Verschidde "Campen" a géigesäiteg Virwërf

Eng E-Mail, déi dem radio 100,7 virläit, weist, datt den Ëmgank mat der Affär De Nutte weider fir Divergenze suergt. De fréiere Generalsekretär vun der FLTT seet sech an der E-Mail “iwwerrascht a consternéiert” doriwwer, datt de fréieren Dëschtennisspiller David Jachec den oppene Bréif géint d'Dëschtennisfederatioun ënnerzeechent huet.

auto_stories

2 min

© picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun
Foto: picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun

Am Kontext vum oppene Bréif, mat deem e Samschde 35 Sportler:inne an Ex-Sportler:innen, an der Haaptsaach Dëschtennisspiller:innen, op den ëffentleche Blâme fir d’Sarah de Nutte reagéiert hunn, gëtt et en neie Moment: Dem radio 100,7 läit nämlech eng E-mail vir, déi de Romain Sahr, fréiere Generalsekretär vun der FLTT an elo Member vun enger Sportskommissioun vum COSL, un de fréieren Dëschtennisspiller David Jachec geschéckt huet. Dee war ee vun de Signatairë vum oppene Bréif.

An där Mail seet sech de Romain Sahr "iwwerrascht a consternéiert" doriwwer, datt den David Jachec dat Schreiwes ënnerschriwwenhuet. Hie géif domat"“eng Spillerin, déi hire Kapp duerchsetze wëll", ënnerstëtzen a Leit am Verband "bloussstellen".

"Vum Camp de Nutte"

Den Ex-Verantwortleche vun der FLTT fënnt dat "mënschlech gesinn inacceptabel" a schléisst mat de Wierder: "Du bass jo elo ee vum Camp de Nutte".

Am oppene Bréif stoung ënner anerem, datt d’Dëschtennisfederatioun keng Kritik, keng eege Meenung a keng Verbesserungsvirschléi vun hiren Athleten an Athletinnen zouloosse géif.

Haut op den Dag genee virun zwou Wochen hat d’Sarah de Nutte am Zesummenhank mat hiren Aussoe bei den Olympesche Spiller zu Paräis e Blâme vum Comité-directeur vun der Dëschtennis-Federatioun ausgesprach kritt. D’Dëschtennisspillerin hat Enn Juli an der franséischer Haaptstad kritiséiert, datt hiren Trainer si bei den Olympesche Spiller net coachen duerft. D’Dëschtennisfederatioun hat Ufank September erkläert, déi Aussoen hätten der FLTT geschuet.