arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Air France an Airbus si wéinst homicide involotaire schëlleg gesprach ginn

Fligercrash 2009

|
reading time

1 min

Air France an Airbus si wéinst homicide involotaire schëlleg gesprach ginn

Et ass ee Revirement am Appel-Prozess zu Paräis rondrëm de Fligercrash vun 2009 vum Vol Paräis a Richtung Rio, bei deem 228 Mënschen ëm d‘Liewe komm waren. D‘Riichter op der Cour d‘Appel hunn elo Air France an Airbus schëlleg gesprach wéinst homicide involontaire.

reading time

1 min

© EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
(Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Déi zwou Entreprise wieren eenzeg an eleng responsabel fir de Crash. Si hunn déi maximal Strof vun all Kéier 225.000 Euro kritt. 

An éischter Instanz waren Air France an Airbus fräigesprach ginn. 

D‘Maschin vun Air France war um Wee vu Brasilien op Paräis iwwer dem Atlantik an eng Wiederfront geroden a vun de Radare verschwonn. D‘Sonde ware veräist an d‘Pilote wieren net op sou eng Situatioun preparéiert gewiescht, esou d‘Urteel.