Se sollen tëscht 2027 an 2029 ausgeliwwert gi fir e Käschtepunkt vu ronn 2,7 Milliarden Dollar. Cathay Pacific huet eng vun de gréisste Cargo-Flotten op der Welt. Bei dësem Optrag huet Airbus sech géint den US-Konkurrent Boeing duerchgesat.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Airbus kritt een Optrag an Héicht vun 2,7 Milliarden Dollar
Cathay Pacific
Airbus kritt een Optrag an Héicht vun 2,7 Milliarden Dollar
Den europäesche Fligerconstructeur Airbus krut e milliardeschwéieren Optrag vu Cathay Pacific aus Hong Kong. D‘Cargofluchgesellschaft huet sechs Maschinne vum Typ A350 bestallt, mat enger Optioun op 20 weider Fligeren.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance / NurPhoto | Vernon Yuen