Déi europäesch Auto-Industrie kéint haart getraff gi vun den Douanes-Taxe vu 25 Prozent, déi den amerikanesche President Donald Trump op Auto-Importer an d‘USA annoncéiert huet. Déi nei Taxe solle vun der nächster Woch un op all Importer vun Autoen an Auto-Stécker an den USA erhuewe ginn. D‘EU Kommissioun schwätzt vun enger "regrettabeler" Decisioun.
Dem Donald Trump seng Annonce gëschter Owend war kloer.
"Mir erhiewen eng Tax vu 25 Prozent op All Autoen, déi net an den USA gebaut sinn. Wa se an den USA gebaut sinn da gëtt et kéng Tax."
Op déi Annonce huet d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen nach gëschter Owend direkt reagéiert. Si géif den USA hir Decisioun regrettéieren. D‘Kommissioun géif dës an aner Mesuren elo analyséieren a weider versichen, en Léisung ze verhandelen. Vun eventuelle Géigemesuren huet d‘Kommissiounpresidentin an hirem Statement net geschwat.
Och d'Autoen an den USA ginn doduerch méi deier
Déi europäesch Auto-Industrie, an do virop Däitschland, kéint vun de neien US Taxen haart getraff ginn. Bis elo gëtt an den USA eng Tax vun 2,5 Prozent op Importer vun Autoen aus der EU opgehuewen. D‘EU taxéiert US Autoen den Ament mat 10 Prozent. Den Donald Trump qualifizéiert dat als Ongerechtegkeet.
Mat senger annoncéiert Tax vun elo 25 Prozent wëll hien déi amerikanesch Auto-Industrie revitaliséieren an Firmen dozou bréngen, hir Autoen an den USA ze bauen. Allerdéngs wäerten déi Tax vu 25 Prozent, déi e Sonndeg a Kraaft soll trieden, och derzou féieren, datt Autoen an den USA e gudde Krack méi deier ginn.
Drock fir europeäesch Autosindustrie nach méi héich
Déi europäesch Autosindustrie ass souwisou schonn den Ament mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert: D‘Vente sinn niddreg, an et gëtt Konkurrenz, virun allem aus China, mat méi niddrege Präisser fir Elektro-Autoen.
Déi nei US Import-Taxe wieren e weideren, haarde Coup. Méi wéi ee Fënneftel vun allen EU Auto-Exporter ginn an d‘USA. Betraff vun de neien US Taxe sinn och nach Italien, Ungarn a Polen. Mee Däitschland ass besonnesch exposéiert. D‘Reaktiounen do sinn dann och kloer: Déi däitsch Regierung fuerdert eng „ferm Reaktioun“ vun der EU, et misst kloer sinn, dass d‘EU net virun den USA an d‘Knéie geet, heescht et an engem Communiqué vum däitsche geschäftsféierendem Wirtschaftsminister a Nach-Vizekanzler Robert Habeck.
Eng Reaktioun vun der Lëtzebuerger Regierung op déi nei US Importtaxen op Autoe krute mir op Nofro hi bis elo nach net.