search

/ Akku- oder Liewenszäit?

Fräie Mikro

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Akku- oder Liewenszäit?

Stellt Iech vir, op Ärem Handy steet net méi "22:00 Auer", mee just nach "17 %". Keng Auerzäit, mee een Akkustand? Verréckt? Vläicht. Awer et stellt eng wichteg Fro: Moosse mir Zäit, oder moosse mir scho längst Ressourcen, Drock an Opmierksamkeet, freet am Fräie Mikro de Philosoph Jean-Luc Thill.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Jean-Luc Thill | © Chris Zeien
Jean-Luc Thill (Foto: Chris Zeien)

Stell Iech vir, et gëtt keng Auer méi. Also weder 22 Auer owes, nach 7:15 Auer moies, an och keen "Ech kommen um 9:30 Auer".

Um Ecran vun dengem Handy steet nëmmen nach eng Zuel: 17 Prozent. Net d’Batterie vum Handy als klengen Indikator, mee déi eenzeg Zäitrechnung, déi mir nach géife kennen.

Wéi spéit ass et? Et ass 17 Prozent. Wéini geet d’Schoul lass? Bei 83 Prozent. Wéini iesse mir? Wann d’Haus nach 45 Prozent huet. Eng Welt, an där Zäit net méi duerch d’Sonn, d’Auerwierk oder e Kalennersystem definéiert gëtt, mee duerch eng Ressource: Energie.

Ëmmer dem Drock ausgesat

Op den éischte Bléck kléngt dat absurd, bal wéi eng Science-Fiction-Iddi. Awer wa mir éierlech sinn: Eng grouss Partie vun eisem Liewe funktionéiert schonns esou.

Vill Leit froen net méi "Wéi vill Auer ass et?", mee "Wéi laang packt mäin Handy et nach?" Oder: "Wéi vill Akkulafzäit hunn ech nach fir den Dag?"

D’Gefill vun Zäit ass bei Villen net méi neutral, mee gekoppelt un en Drock: Deadline, Notifikatiounen, Leeschtung, Méiglechkeeten - privat wéi professionell.

Prozenter si konkret an éierlech

Zäit ass fir eis dacks net méi e rouege Floss, wou mir nom Heraklit keng zweemol duerch dat selwecht Waasser kënne goen, mee eppes wat mir "verbrauchen".

Eng "Akkuzäit" géif dat radikaliséieren, an et hätt och eppes Lackeleges. Well eng Prozentzuel ass direkt, konkret, éierlech. Se mécht kloer, datt ech net onendlech Ressourcen hunn.

Wann nach 17 Prozent do sinn, da muss ech wielen. Ech kann net méi esou maachen, wéi wann ech nach eng ganz Nuecht hätt, nach zéng Kapitelen, nach zwanzeg Tik-Tok-Videoen, nach dräi Stonne scrollen.

D’Zäit géif op eemol wierklech wéi dat schéngen, wat se am Alldag heiansdo ass: e Budget. Fir e puer kéint dat befreiend sinn. Et kéint en neit Bewosstsi schafen: "Ech hunn nach 30 Prozent fir haut - fir wat benotzen ech dat?"

"Ech muss oplueden"

Mee grad do läit och d’Gefor. Well wann Zäit zu engem Akku gëtt, da ginn och mir selwer zu Apparater. An dat ass eng brutal Metapher. Eng Zäitrechnung, déi just nach Kapazitéit weist, kéint eis nach méi an eng Kultur drécken, an där alles optiméiert muss ginn: Produktivitéit, Effizienz, Output.

Dann heescht et net méi: "Ech si midd", mee: "Ech sinn op 12 Prozent". Net méi: "Ech brauch Rou", mee: "Ech muss oplueden".

Mir géifen eis selwer wéi Maschinnen interpretéieren, an dat mécht eppes mat Mënschlechkeet, mat Gefiller, mat de Momenter, déi sech net a Prozent ausdrécken oder rechne loossen.

Wéi rechne mir d'Prozenter?

Ausserdeem: Wéi géif esou eng Welt sozial funktionéieren? D’Auerzäit huet e grousse Virdeel: Se ass fir all Mënsch am selwechte Raum déi selwecht. Um 10 Auer moies ass et fir eis all 10 Auer. Dat erméiglecht Rendez-vousen, Schoulpläng, Zich, Organisatioun.

Eng Akkuzäit wier awer individuell. Meng 17 Prozent kënnen deng 60 Prozent sinn. Wat ass dann "elo"? Wat ass "gläich"?

Eng Gesellschaft brauch eng gemeinsam Zäitnorm, soss gëtt et Chaos, oder et gëtt Zwang. Eng Zentralinstanz misst definéieren, wéi Prozenter gerechent ginn. A wien dat definéiert, kontrolléiert indirekt d’Liewe vun alle Mënschen.

D'Auerzäit heiansdo vergiessen

Trotzdeem bleift d’Iddi spannend, well se e Spigel ass. Se weist, wéi vill vun eiser Zäit haut schonn duerch Technik a Ressource-Gefill gepräägt ass. Mir liewen an engem Rhythmus vu Ladegeräter, Notifikatiounen a Konzentratiounsverloscht.

An d’Fro ass dofir net nëmmen: "Wëll ech eng aner Auer?", mee: "Wéi wëll ech iwwer Zäit denken?" Als eppes, wat ech nëmme verwalten a verbrauchen? Oder als eppes, wat och Raum ass: Fir Gespréicher, fir Rou, fir Langweileg, fir Reflexioun, fir dat Onmoossbaart?

Vläicht ass déi bescht Konsequenz vun dëser Iddi net, d’Auer ofzeschafen. Vläicht ass et, se heiansdo ze vergiessen. A sech ze froen: Wann ech elo nach "17 Prozent" hätt. Géif ech wierklech nach déi selwecht Saache maachen? Oder géif ech mir endlech Zäit huele fir dat, wat mir wierklech wichteg ass?

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren