arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktioun fir Stammzellespender mat groussem Succès

Gesondheet

|
headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Aktioun fir Stammzellespender mat groussem Succès

D'Caroline ass 15 Joer al an huet Leukemie. Hat brauch dréngend eng Stammzellespend, mee d'Sich no esou engem Spender ass net evident. Säin Äiskonschtlafclub op der Kockelscheier huet dowéinst de Weekend zesumme mat der ASBL Plooschter Projet eng Registréierungsaktioun organiséiert.

headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Ronn 1.400 Leit hu sech e Samschdeg an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg als Stammzellespender ugemellt, fir der jonker Äiskonschtleeferin an och anere Leit méiglecherweis ze hëllefen.

Op den Dëscher an der grousse Victor Hugo hal leie Formularen. Do kënne d'Leit hir Donnéeën uginn, grad ewéi eventuell Allergien an aner gesondheetlech Detailer.

Ganz vill Jonker hu matgemaach

Eng ganz Rei u Persoune sinn domadder beschäftegt, déi auszefëllen. Op der Bün hanner diskreete Pannoe kréien déi Fräiwëlleg Blutt ofgeholl. Zwou Stonnen nom Ufank vun der Aktioun huet sech eng Schlaang forméiert. De Succès ass also grouss, d'Christiane Lieners, d'Presidentin vun der ASBL -Plooschter Projet ass ganz zefridden.

Persounen, déi tëschent 16 a 55 Joer al sinn, konnten drun deelhuelen. Et ass opgefall, datt ganz vill Jonker am Sall waren. Dat war och keen Zoufall. D'Informatioun ass vill iwwer déi sozial Netzer gelaf, wéi ee Jonken erkläert. Mat Kolleegen hätt een dann ausgemaach, ze hëllefen.

"Parce qu'elle a, je crois juste 14 ans ou 15 ans. Et c'est un peu dommage de déjà mourir à cet âge-là."

D‘Motivatioun, fir sech als Stammzellespender unzemellen, ass dacks déi nämmlecht: Et wëll een einfach hëllefen.

Een Zeeche vu Solidaritéit

Am Hall Victor Hugo ware vill Persoune, déi Englesch geschwat hunn. Dëst wier bedéngt duerch den Opruff, deen de Club lancéiert hat, mengt d'Christiane Lieners.

"Ech gi ganz staark dovunner aus, datt dat wierklech vun der Communautéit ass, vum Äiskonschtlaf oder och vum Äishockey, well och si hunn och eng ganz Rëtsch Benevollen, déi eis hei ënnerstëtzen."

Ënner de Leit waren also vill Persounen, déi sech mat der Äiskonschtleeferin Caroline identifizéiert hunn. Entweeder well se selwer Leit haten an hirem Ëmfeld, déi Leukemie haten, oder well si mat der Sportlerin a Kontakt koumen. Fir d'Presidentin vum Äiskonschtlafclub Maddie Elvinger-Werner gouf e Samschdeg en Zeeche vu Solidaritéit gesat.

"Den Dag ass wierklech sou vill wéi méiglech Leit emotionell ze erreechen, datt se kommen an da sou vill wéi méiglech Chancë fir all d'Leukemiepatienten ze kreéieren, datt ee gehollef kritt."

Bluttprouwe ginn an Däitschland analyséiert

Ob duerch déi Aktioun e kompatibel Stammzellespender fir d'Caroline fonnt gëtt, ass net kloer. Déi Bluttprouwe ginn elo an Däitschland analyséiert. Sollt déi richteg Persoun fonnt ginn, da gëtt déi och kontaktéier. A 55 Prozent vun de Fäll brauch déi Persoun just eng nei Bluttspend ze ginn, aus där d'Stammzelle kënnen erausgefiltert ginn.

play_arrow Lauschteren