arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi ëmstridden Dokteschpraxis FindelClinic geet haut op

Gesondheet

|
headphones

2 min

Déi ëmstridden Dokteschpraxis FindelClinic geet haut op

Vun haut u lafen déi éischt Consultatiounen an der neier ëmstriddener Dokteschpraxis nieft dem Flughafen, déi vun den Doktere Philippe Wilmes an Alain Schmit, esou wéi vu verschiddene Geschäftsleit an dem Promoteur Marc Giorgetti bedriwwe gëtt.

headphones

2 min

© picture alliance / Zoonar | benis arapovic
(Foto: picture alliance / Zoonar | benis arapovic)

Bis ewell kann ee sech e Rendez-vous bei engem vun de bis ewell fënnef Dokteren huelen. Wéi d’Grënner vun der Findelclinic selwer op de Soziale Medie matgedeelt hunn, gi fir den Ufank nëmmen zwou Spezialisatiounen ugebueden: Médecine interne a Kardiologie.

D'Fro nom Geschäftsmodell 

Den Ament kann ee fënnef Doktere consultéieren, dovunner dräi Kardiologen, een Internist an ee Generalist. Dräi vun den Doktere kommen aus Däitschland, déi aner zwee hunn e Cabinet zu Lëtzebuerg.

Ënner anerem de Collège médical hat am Hierscht wärend der ëffentlecher Diskussioun iwwer d’FindelClinic virun enger Privatiséierung vun der Medezin gewarnt. Eng vun de Froen ass deemno déi vum Geschäftsmodell vum Projet.

Den Dokter Philippe Wilmes hat eis am Hierscht gesot: 

“Dunn hu mir eis geduecht, wat kann een dann do maachen, fir deenen hir Tâche ze erliichteren a fir en fait en Environnement ze kréien, deen attraktiv ass, datt si kënnen heihinner kommen, datt si vläicht och just zwee Deeg an der Woch oder dräi Deeg an der Woch kënne kommen an och do kënne verwuerzelt bleiwen, wou si eigentlech hierkommen, mee fir dann awer eng gewëssen Zäit vun der Woch sech och op Lëtzebuerg ëm Patiente këmmeren ze kommen. An dunn ass eis déi heiten Iddi komm, fir esou en Environnement ze organiséieren. Et ass en entrepreneurielle Projet.”

Keng Consultatioune vum Dokter Wilmes fir den Ament 

Wann een e Rendez-vous wëllt maachen, da kann een aus diversen Optiounen auswielen. Vun enger normaler Consultatioun iwwer spezifesch kardiologesch Consultatioune wéi en EKG, Stresstest oder en Häerzultraschall. 

Bis hin zu der Hormonersatztherapie, Berodung fir Reesen (Travel consultation), Impfungen, Certificate fir d’Assurance an esouguer Akupunktur gëtt ugebueden. Do steet allerdéngs dobäi, datt d’Krankekeess zu Lëtzebuerg dat net géif iwwerhuelen, dowéinst géif een déi ronn 82 Euro privat ofrechnen, d'nämmlecht ass et bei der Reesberodung.

Déi zwee Grënner vun der FindelClinic, den Dr. Alain Schmit an den Dr. Philippe Wilmes selwer, maachen - Stand elo - iwwregens keng Consultatiounen an der FindelClinic. Mee de Projet ass nach op der Sich no Personal an Dokteren.

Um Internetsite vun der FindelClinic kënnen esouwuel Doktere wéi och Gesondheetspersonal, wéi zum Beispill Infirmièren an Infirmieren, kandidéiere fir do ze schaffen.