D‘Populatioun hei am Land wier nach ëmmer ënner-soignéiert an den Infirmiersberuff wier nach ëmmer de selwechten, wéi d‘lescht Joerhonnert.
D‘Verbesserunge wiere reng Kosmetik. Déi Proposen, déi d‘Anil (Association Nationale des Infirmières et Infirmiers du Luxembourg) an den Aarbechtsgruppen agereecht hätt, wieren net zeréckbehale ginn.
De Lëtzebuerger Gesondheetssystem géif heimat riskéieren, weider an engem urale legale Kader blockéiert ze bleiwen.
D‘Anil rifft d‘Deputéiert op, den Text nach emol ze iwwerschaffen an op déi Professionell vum Terrain ze lauschteren.