Radioen

On air

Vue sur mer  |  Weekend Affair - La Fête Est Finie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aktivitéit um Lëtzebuerger Immobiliemarché huet zougeholl

Logement

Aktivitéit um Lëtzebuerger Immobiliemarché huet zougeholl

Um Lëtzebuerger Immobiliemarché huet d'Aktivitéit och am véierten Trimester vum leschte Joer staark zougeholl. Dat schreift den Observatoire de l‘habitat. 

auto_stories

1 min

© Max Bauerfeind/Bigstock
(Foto: Max Bauerfeind/Bigstock)

D‘Zuel vun den Transaktioune bei den Appartementer déi schonn existéiere, war Enn 2024 108 Prozent méi héich wéi am selwechten Zäitraum d'Joer virdrun. 

Bei neigebaute Logementer war de Plus nach méi héich, mat 272,6 Prozent par Rapport zum Virjoer. 

Fir eng éischte Kéier bannent 12 Méint waren am Dezember d'Präisser fir Wunnengen an Haiser nees geklommen. Generell sinn d'Präisser tëschent 2022 an 2024 awer däitlech erofgaangen, wéinst den Zënshaussen.

Geklomme sinn dergéint d‘Loyere fir Appartementer : Enn 2024 loungen déi 2,4 Prozent iwwert deene vum Virjoer.