Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
search

/ Alain Rolling: Gemengepersonalverwaltung muss an d'Kompetenz vum Inneministère kommen

Entrevue tëscht Conter Gemengerot an OGBL

Alain Rolling: Gemengepersonalverwaltung muss an d'Kompetenz vum Inneministère kommen

Virum Hannergrond vun der ugespaanter Situatioun am Conter Gemengerot gouf et um Dënschdegmoien eng Reunioun tëscht dem OGBL, dem Schäfferot an dem Inneministère. Et geet ëm Virwërf vun engem toxeschen Aarbechtsklima an der Gemeng.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Dem Alain Rolling vum OGBL no wier am Gespréich ëmmer erëm op eng Enquête verwise ginn, déi elo soll lancéiert a vun engem private Prestataire duerchgefouert ginn. Vill Detailer iwwer dës Enquête wier een awer nach net gewuer ginn, mam Argument datt si confidentiel wier. Trotzdeem erhofft ee sech, datt si onofhängeg Resultater bréngt, déi dozou féieren, datt erëm Rou an de Gemengerot kënnt, esou de Alain Rolling.

Hien fuerdert dat awer och d’Gesetz misst geännert ginn, dat aktuell dem Inneministère keng Kompetenz fir d'Personalverwaltung vun de Gemengen attribuéiert.

"Dat kann net méi op Gemengenniveau gemanaged ginn. Dat muss einfach an eng Kompetenz vum Inneministère kommen, deen do mat neutrale Leit wann do mol ee Problem ass vun Harcèlement, datt déi do hir Aarbecht kënne maachen. Fir eng seriö Enquête ze maachen, ouni op een externe private Prestataire zeréckzegräifen."

Lauschteren

E konkreten Datum fir eng nächst Entrevue géif et nach net ginn, mee et wéilt een weider mat de Responsabelen vun der Gemeng a Kontakt bleiwen.