Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Héichwaasserwarnung op héchst Stuf eropgesat

Service fir Héichwaasser-Previsiounen

Héichwaasserwarnung op héchst Stuf eropgesat

Bis Mëtternuecht gëllt déi rout Alert fir d'Héichwaasserwarnung, sou heescht et vun der Waasserverwaltung. Et besteet Gefor vu gréisserem Héichwaasser wat zu erhieflechen Iwwerschwemmunge féiere kann – och a seele betraffene Gebidder. Besonnesch am Nord-Weste vum Land riskéieren d‘Côte d‘alerte vun Atert an Äisch erreecht an iwwerschratt ze ginn. 

auto_stories

1 min

headphones

4 min

Reen | © Unsplash play_arrow

Dofir wäert och d‘Uelzecht zu Miersch an Ettelbréck klammen an d‘Côte d‘alerte erreecht ginn. Dat selwecht gëllt fir d‘Sauer zu Dikrech a Bollendorf muer am fréie Moien. Och un der Musel géif ee potentielle Risiko fir Héichwaasser bestoen. D‘Meldehéicht géifen awer viraussiichtlech net iwwerschratt ginn, esou nach d‘Waasserverwaltung

Nach bis muer de Moie 6 Auer gëllt och vu Meteolux fir dat ganzt Land onverännert eng orange Alerte – also déi zweethéchst Warnstuf – wéinst dem duerchgängege Reen. Och hei ass de Weste vum Land am meeschte betraff. Meteolux rechent mat 40 bis 60 Liter Reen op de Meterkaree, plazeweis souguer bis zu 80 Liter. 

Bléift informéiert op de Sitten meteolux.lu an inondation.lu oder och op X vu MeteoLux