D’Stad Esch huet doropshin en Noutreglement ugeholl, dat direkt a Kraaft getrueden ass. D’Zil ass et, den net essentielle Verbrauch vum Drénkwaasser ze reduzéieren an d’Versuergung vun der Bevëlkerung ze garantéieren.
Eng Rei Saache sinn elo verbueden
Ënner anerem däerfen zu Esch keng Autoe méi gewäsch ginn – ausser an de professionelle Waschanlagen. Och d’Botze vun Trottoiren, Garagen, Häff a Fassaden ass elo net méi erlaabt.
Verbuede sinn och:
- d’Opfëlle vu private Schwammen a private Waasserbecken;
- d’Notze vun Héichdrockbotzer;
- d’Betrib vun Zierbrunnen, ausser wann dës am Kreeslaf funktionéieren;
- d’Bewässerung vu Wisen, Parken, Kierfechter a Sportsanlagen, mat Ausnam vun neie Plantagen.
D’Restriktioune bleiwen a Kraaft, bis d’orange Phas nees opgehuewe gëtt. Verstéiss géint d’Reglement kënne mat enger Geldstrof vu 25 bis 250 Euro bestrooft ginn.
Och d’Gemengeservicer reduzéieren de Verbrauch
Och d’Stad Esch selwer wëllt den Drénkwaasserverbrauch esou vill wéi méiglech reduzéieren. Ëffentlech Sprangbueren, déi weider lafen, funktionéieren am Kreeslaf.
Wann d’Bewässerung vu bestëmmte Planzen net ze vermeiden ass, gëtt Waasser aus Quelle benotzt an net Drénkwaasser.
D’Gemeng rifft d’Awunner:innen dozou op, verantwortungsvoll mat der Ressource Waasser ëmzegoen.