arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmmer méi Gemenge gi géint Schottergäert vir

Lokales

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Ëmmer méi Gemenge gi géint Schottergäert vir

Schottergäert gëllen als einfach ze ënnerhalen, mee si schueden der Biodiversitéit a verschäerfen d'Hëtzt an Uertschaften. Ëmmer méi Gemenge reagéieren elo mat Verbueter, Subsiden oder Hëllef bei der Ëmgestaltung.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Schottergaart | © picture alliance / Goldmann | Goldmann
Schottergaart (Foto: picture alliance / Goldmann | Goldmann)

Amplaz Wiss, Hecken a Planzen - e Muster oder verschidde faarweg Steng. Virun e puer Joer si Schottergäert - also Fläche virun oder hanner engem Haus, déi mat Steng beluecht sinn - a Moud komm. Se gesi clean aus a sollen niewebäi dem Onkraut net ze vill Plaz bidden, sinn dofir awer net ganz ökologesch.

Schottergäert schueden der Biodiversitéit

Mam neie Bautereglement, dat den 1. Januar 2028 a Kraaft trëtt, solle Stenggäert verbuede ginn. Bis dohi läit et un de Gemenge fir ze kucken, wéi si domat ëmginn. Ëmmer méi Gemenge setze Subsiden oder aner Demarchen en Place fir dës Schottergäert duerch richteg Gäert ze ersetzen.

Wat den éischten Ament no der perfekter Léisung klengt fir Leit, déi net vill Zäit an Opwand an hire Gaart stieche wëllen, schuet der Biodiversitéit. Op enger versigelter Fläch, wou weder Wiss nach Planze stinn, ka sech d’Aartevillfalt net ausbreeden. Mee dat ass net den eenzege Problem, seet d’Claire Wolff vum Mouvement écologique.

"Déi Steng späicheren d'Hëtzt. Bei Hëtztwelle wier e Virgaart mat Planzen däitlech besser fir de Mikroklima. Do huet een herno Temperature vu 40 bis 50 Grad virum Haus."

Gemenge setzen op Verbuet oder Subsiden

Aus deem Grond ginn ëmmer méi Gemenge géint Schottergäert vir. Beispillsweis Bartreng: Si bidde schonn zënter 2022 e Subsid vu bis zu 300 Euro pro dräi Quadratmeter u fir Leit, déi entweder hir Steng duerch Wiss a Planze wëllen ersetzen oder sech beim Plange vun engem neien Haus direkt fir e grénge Gaart entscheeden.

Nach méi wäit geet d'Gemeng Jonglënster. Do si Schottergäert an och kënschtlech Planzen zënter 2022 am Bautereglement verbueden.

Wann een dëst Reglement net respektéiert, behält d’Gemeng sech d’Recht vir déi Responsabel ze sanktionéieren. Dat wier awer nach net virkomm, seet den DP-Buergermeeschter Ben Ries. Déi Betraffe géife mat Zäiten informéiert ginn.

"D'Leit ginn op d'Bautereglement higewisen a gebieden, de Schottergaart bannent engem Delai zeréckzebauen oder d'Aarbechten direkt anzestellen."

Suessem hëlleft beim Ëmbau

D’Gemeng Suessem geet zënter engem gudde Mount nach e ganz anere Wee. Weder Geldstrofen nach Subsiden: Si gräifen de Leit bei der Ëmgestaltung vun hirem Schottergaart ënner d’Äerm. Wie säi Steegaart ersetze wëllt, ka ganz einfach sougenannte Big Bags ufroen. Dat sinn extra grouss stabel Säck, dës fëllt een da selwer mat de Kiselsteng aus sengem Gaart, an d’Gemeng kënnt se sichen, erkläert de Christophe Mossong vum Service écologique an der Gemeng Suessem.

“Si ruffen eis un an da gi mir déi sichen. An am gläiche Moment tausche mir dat da géint gudde Buedem, dee vu lokale Sourcë kënnt.”

Bis elo hu sech 13 Stéit fir d'Aktioun gemellt, zwee Projete si schonn ofgeschloss. Fir de Christophe Mossong e positive Bilan.

play_arrow Lauschteren