arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Alex G - "Headlights"

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

headphones

9 min

play_arrow

Alex G - "Headlights"

"Headlights" ass de mëttlerweil zéngten Album an de Major Label Debut vum amerikaneschen Indiedarling Alex G. Méi poléiert wéi seng Virgänger, awer net manner ofwiesslungsräich a skurril. An "Headlights" perfektionéiert den Alex G säi Songwriting a fënnt een neie Sound. 

headphones

3 min

headphones

9 min

play_arrow

Den Alexander Giannascoli, esou heescht den Alex G, huet ëm d'Joer 2010 ugefaang, Alben op d’Plattform Bandcamp eropzelueden, déi hien doheem a senger Kummer opgeholl huet. Dat ganzt huet natierlech immens Lofi an DIY geklongen, a gouf och séier zu sengem Markenzeechen. 2014 koum säin éischten Album op engem Label eraus an huet den Alex G och direkt a ganz nei Sphäre katapultéiert.

Absolutten Indiedarling

Hien ass séier zum absolutten Indiedarling avancéiert, huet ënner anerem mam R&B-Kënschtler Frank Ocean zesummegeschafft, a stoung ëmmer erëm just ganz kuerz virum ganz groussen Duerchbroch. A villäicht kënnt dee jo elo mat sengem mëttlerweil zéngten Album "Headlights". Et ass nämlech fir de Kënschtler den éischten Disk op engem Major Label, RCA Records.

Neie Label, neie Sound? 

Vill Fans waren natierlech am Virfeld och drop gespaant, ob dëse Schratt dann och en neie Sound géing mat sech bréngen. An et léisst sech effektiv soen, datt den Alex G de Lofi-Indie vun de Virgänger op mannst e bëssen duerch Hifi-Rock ersetzt op "Headlights".

Den Album kléngt méi opulent, méi poléiert an huet eng méi verspillten Instrumentatioun. Ass dat elo de Mainstream-Ausverkaf vum Alex G? "Some things I do for love, some things I do for money" séngt hien am Song "Beam me up". "Headlights" orientéiert sech glécklecherweis awer ëmmer nach um Häerz an net um Portmonni, wéi eben "Beam me up" ënnersträicht.  

Ganz radikal ass de Broch um Album awer net: Et ginn ëmmer nach Stécker, déi esou kléngen, wéi wa se doheem an der Schlofkummer opgeholl gi wieren. Fir de Groussdeel vu sengen Alben hat den Alex G eng Zort Studiophobie, an huet wierklech de Gros doheem selwer opgeholl. Réischt de leschten an elo den neien Album si richteg Studioalben.

Lofi-Folk a 90s-Nostalgie

Mee trotzdeem gëtt et nach eng gutt Portioun Lofi-Folk an och 90s-Nostalgie. Iergendwou tëschent Elliot Smith, Pavement, Neil Young an The War on Drugs läit de Sound um neien Album, mat enger gudder Portioun Autotune an och Banjo, Mandolinn, Sträichinstrumenter an Akkordeon. Souguer e Kannerchouer a Jazz fanne sech um Album, dee wierklech eng immens divers Klangtapéit huet.

Europa Tour 

De leschte Song um Album "Logan Hotel (Live)" ass den eenzege Song, op deem d’Liveband vum Alex G vertrueden ass. Hei séngt hien iwwer d’Strapaze vum op der Rull sinn als Museker.

Den Alex G kënnt am Hierscht iwwregens op Tour an Europa. D'Tickete sinn awer scho bal komplett ausverkaaft. Villäicht ass "Headlights" also wierklech elo de ganz ganz groussen Duerchbroch fir hien. 

play_arrow Lauschteren