arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eva Marija wäert Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest vertrieden

LSC

|
headphones

3 min

headphones

6 min

play_arrow

Eva Marija wäert Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest vertrieden

D’Eva Marija wäert dëst Joer Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest vertrieden. Déi 20 Joer jonk Sängerin konnt sech beim LSC mat hirem Lidd “Mother Nature” duerchsetzen. Mee net nëmme Fans huet et bis an d’Rockhal gezunn, och Demonstranten, déi ee Boykott fuerderen, waren op der Plaz. 

headphones

3 min

headphones

6 min

play_arrow
D'Eva Marija no hirer Victoire beim LSC | © Sophie Schroeder
D'Eva Marija no hirer Victoire beim LSC (Foto: Sophie Schroeder)

Kuerz ier d’Diere vun der Rockhal opgaange sinn, hate sech virun der Entrée eng 30 Demonstrante versammelt. Well déi israeelesch Participatioun um Eurovision Song Contest trotz Krich an der Gazasträif vun der EBU toleréiert gëtt, soll Lëtzebuerg, wéi och scho fënnef aner Länner, de Museksconcours boykottéieren, esou hier Fuerderung. Dat erkläert eng vun de Responsaablen vun der Demo, déi anonym bleiwe wollt.

“Mir sinn der Meenung, datt et Israel ass, deen den Eurovision politiséiert. Si hu kloer schonn an de Jore virdru gewisen, datt si den Eurovision benotzen, fir hiren Image ze wäschen.”

Ënner anerem Holland boykottéiert ESC

Ënner anerem Holland huet jo decidéiert, d'Eurovisioun ze boykottéieren. Zwee hollännesch Fans sinn dofir op Lëtzebuerg komm.

"Wann d’EBU seet Israel soll raus, dann ass et politesch, a wann d’EBU seet Israel soll dobäi sinn, dann ass et politesch. Also am Fong ass et egal.” 

“Spaass hunn an den Owend genéissen”

Am Public waren och bekannte Gesiichter aus de leschten LSC-Editiounen, wéi zum Beispill d’RafaEla, wat schonn zwee mol an der Finall war.

“Ech kommen haut wierklech just fir de Support. An et eng Kéier vun der anerer Säit ze gesinn ass komesch, mee am Gudden.” 

Lass goung de Spektakel mat dem grousse Gaaschtoptrëtt vum JJ, dem ESC-Gewënner vu leschtem Joer. Dëst Joer ouni eng gemeinsam Inzenéierung vun alle Kandidate ganz um Ufank goung et dann och schonn direkt lass mam éischte Finalist. Alles duerchgetaktet an een nom anere koume si dann all drun. Ofwiesselnd tëschent de Balladen an de méi peppege Lidder.

Dertëscht ëmmer nees extra Optrëtter vu Perséinlechkeeten aus der ESC-Welt, déi quasi alleguer vun de Moderatore gefrot goufen, wat si dann de Kandidate mat op de Wee ginn. D'Äntwert war quasi all Kéiers: “Spaass hunn an den Owend genéissen.”

No enger dräi Stonne laanger vollgepaakter Show war d’Eva Marija, eng Lëtzebuergerin mat sloweenesche Wuerzelen, dann am Publikum-Voting wéi och am Jury-Voting d’Gewënnerin vum Owend.

 "Mother Nature" - E Lidd mat Lëtzebuerger Contributioun

Fir hiert Lidd “Mother Nature” ze schreiwen, an deem et ëm d’Kandheet an d’Verbonnenheet mat der Natur geet, war d’Eva Marija zesumme mat internationale Produzenten an engem sougenannte Songwriting-Camp.

Dëst Joer schéckt de Grand-Duché also fir d’éischte Kéier, zënter der 30 Joer laanger Lëtzebuerger Paus, ee Lidd op d’Eurovisioun, an deem op d’mannst een Deel Lëtzebuerger Contributioun stécht.

Wéi vill vun den Iddie fir dëse Song vun der Artistin selwer, a wéi vill vun de Produzente Maria Broberg, Julie Aagaard an Thomas Stengaard koumen, wier awer schwéier ze soen, esou nach d’Eva Marija, déi mat biergerlechem Numm Eva Puc heescht, no der Show virun der Press.

"Wéi mir an de Raum komm sinn, war et direkt ganz kollaborativ. Ech mengen, mir waren an esou engem Flow-Zoustand, a mir haten dëst Konzept, weess de, esou vun ‚OK, Natur, Verbonnenheet mat dem Buedem‘. An um Enn hunn d’Leit zu den Texter, zur Melodie bäigedroen. A mir hunn eigentlech all zesumme geschafft."

Fir si wier et eng Eier, no der Tali an der Laura Thorn, déi drëtt jonk Fra hannereneen ze sinn, déi Lëtzebuerg um ESC vertrëtt.

De 14. Mee muss sech d’Sängerin dann nach an der Halleffinall vum Eurovision Song Contest beweisen, wou sech entscheet, ob Lëtzebuerg och an der grousser Final zu Wien de 16. Mee wäert dobäi sinn.

play_arrow Lauschteren