arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg Song Contest 2026: Wat ass fir de Samschdeg ze erwaarden?

Virentscheed fir den ESC

|
headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

Luxembourg Song Contest 2026: Wat ass fir de Samschdeg ze erwaarden?

E Samscheg den Owend gëtt an der Rockhal decidéiert, wie Lëtzebuerg dëst Joer um Eurovision Song Contest zu Wien vertrëtt. Am Kader vum Luxembourg Song Contest (LSC), also dem Lëtzebuerger Virentscheed, trieden 8 Kandidatinnen a Kandidaten an enger grousser Liveshow géinteneen un.

headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow
© RTL
(Foto: RTL)

Eng Show nom bewäerte Konzept

D’Show fänkt e Samschdeg um 20 Auer un a geet bis ongeféier 22:30 Auer. D’Artiste presentéieren noeneen hir Lidder. Duerno gëtt ofgestëmmt. Wéi an de Jore virdru setzt sech d’Resultat zu gläichen Deeler aus engem internationale Jury-Voting an aus de Stëmme vum Public zesummen, dee per SMS an online matvote kann.

Anescht wéi d’lescht Joer, mee wéi schonn 2024, leeft de Voting an zwou Etappen of: No engem éischte Voting gëtt eng Top 3 festgehalen, ier dann d’Gewënnerin oder de Gewënner ofgestëmmt gëtt.

Als Special Act ass dëst Joer ënner anerem de Gewënner vum leschten Eurovision Song Contest, den JJ, dobäi. Donieft wäert och d'Laura Thorn, déi Lëtzebuerg d’lescht Joer um ESC vertrueden huet, eng Roll an der Show hunn.

3 Sängerinnen, 4 Sänger, eng Band an en Trio.

 An der Finall stinn insgesamt 8 Acts:

·       Hugo One

·       Trio Shirokuro

·       Irem

·       Eva Marija

·       Steve Castile

·       Andrew the Martian

·       Daryss

·       Luzac ( war schonn 2025 Finalist)

D'musikalesch Pallette ass breet gefächert – vu gefillsvolle Balladen iwwer Rap a Rock bis hin zu 80er-Joer-inspiréierte Pop-Sounds, ass alles mat dobäi.

Wéi vill Lëtzebuerger Co-Produktioun stécht hannert de Lidder?

An der Vergaangenheet gouf et Kritik, datt ze wéineg Lëtzebuergesch Songwriter an d’ESC-Bäiträg agebonne waren. Dëst Joer schéngen d’Chancen op eng méi staark lëtzebuergesch Bedeelegung awer gutt ze stoen.

6 vun den 8 Lidder sinn a Songwriting Camps, organiséiert vun der Rockhal, entstanen. Do schaffen international Produzenten zesumme mat de Kënschtler un de Stécker. Dem David Gloesener, Chef vun der Lëtzebuerger ESC-Delegatioun a Programmchef bei RTL, kënnt ronn een Drëttel vun der kreativer Aarbecht an esou Co-Produktioune vun den Artiste selwer. Dat wier senger Meenung no relativ vill, a virun allem wier een houfreg, datt déi meescht Lidder vu Lëtzebuerger op d’mannst matgeschriwwe goufen.

Net all Bäitrag ass allerdéngs an esou Camps entstanen:

·       D’Lidd vum Trio Shirokuro gouf vum Sänger, dee Belsch ass, selwer geschriwwen.

·       D’Daryss huet op Eegeninitiativ mat franséische Produzenten zesummegeschafft.

Parallel dozou huet awer d’Produktiounsfirma Midfall, déi hannert de Lidder vum Luzac an dem Andrew the Martian steet, op soziale Medien drop deklaréiert, datt et hier Lidder wieren an datt si d’Lidder geschriwwen hätten.

Fir den David Gloesener ass dat Ganzt en Entwécklungsprozess:

"Et ass eng Saach vun der Evolutioun. D'Eurovisioun, wéi mer zréckkomm sinn op Lëtzebuerg, gouf et nach keng Experienz. Dee baut sech elo lues a lues op. Och d'Lëtzebuerger Kulturzeen an d'Musekszeen versteet, wat mer bei der Eurovisioun brauchen. Do ass jo awer e gewëssene Stil verlaangt, soen ech elo mol. Et muss an e gewësse Kontext passen. An déi Leit, déi do wëlle matmaachen, déi ginn dann an déi Songwriting Camps, fir dann ebe mat Leit, déi Erfarung hunn an deene Saachen zesummenzeschaffen an dat dann och vläicht ze léieren, fir dat selwer herno ganz eleng zum Beispill ze maachen."

Keng Zäit fir Paus

Fir de Gewënner oder d’Gewënnerin ass nom LSC kaum Zäit fir eng Paus. Scho bis den 9. Mäerz mussen all Iddien a Wënsch fir d’Bünebild beim ESC-Organisatiounsteam agereecht ginn. Direkt nom nationale Concours geet et also drëms, d’Performance op déi grouss ESC-Bün zu Wien unzepassen.

play_arrow Lauschteren