De Centre nationale des victimes de violences ass zënter 6 Méint op. Ëm déi 200 mol wiere si an där Zäit scho kontaktéiert ginn, sot d'Ashanti Berrend, d'Leederin vum Zenter vum Lëtzebuerger Roude Kräiz. Dobäi misst een ënnerscheeden tëschent deenen 120 Persounen, déi bei si op d'Plaz an den Zenter koumen, an deenen, déi sech léiwer iwwer Telefon oder per Mail bei hinne gemellt hunn. Dat wieren der ëm déi 80 gewiescht.
Komplementar zu der aktueller Offer
Zwee Drëttel vun de Leit, déi sech bei hinne gemellt hätten, wiere Frae gewiescht, esou d'Ashanti Berrend. A 65 Prozent vun de Fäll wieren d'Täter aus der direkter Famill vum Affer.
Fir den Ament mécht den CNVV nomëttes um 6 d'Diere bis Mëtternuecht op.
"Do hu mer geduecht fir déi schonn existéierend Offer ze completéieren, maache mir owes op, well owes um zéng Auer, wann eppes geschitt, weess ee vläicht net ëmmer onbedéngt genee wouhi goen, oder wie kontaktéieren."
Fir d'nächst Joer am Fréijoer wier awer virgesinn, permanent opzehunn, also 24/24 a 7/7, esou d'Ashanti Berrend. Si kënne fir den Ament awer keng Iwwernuechtung ubidden.
"Mir haten de Fall schonn, datt mir dann awer méi laang bliwwe sinn, wéi a sech virgesi war, bis datt mir konnte garantéieren, datt d'Persoun iergendwou ënnerkënnt oder déi néideg Hëllef kritt huet."
D'Leit kéinte gären e puer Stonne bleiwen, fir sech ze stabiliséieren, mee da géife si weider orientéiert ginn.
Den Affer hir Zäit loossen
Wéini d'Gewalt géint d'Affer ausgeüübt gouf, géif iwwerdeems keng Roll spillen.
"D'Méiglechkeet besteet, fir direkt duerno ze kommen. Mir sinn ekipéiert, mir hunn och Infirmièren op der Plaz, mir hu Sozialaarbechter op der Plaz. Mir kënnen do eng direkt ambulant Prise en charge maachen, wann d'Gewalt geschitt ass. D'Leit kommen awer generell momentan méi laang no der Gewalt."
Mol wieren et puer Deeg duerno, mol awer och puer Méint, oder souguer Joren.
"Mir probéieren ëmmer dann eppes en place ze setzen, fir d'Leit ze ënnerstëtzen. Et muss een och bedenken, datt de Schratt sech Hëllef ze sichen net ëmmer einfach ass. En heiansdo vill Zäit hëlt an déi Zäit muss een dem Affer dann och loossen."
Keng Erwaardungen un d'Affer
Well vill Leit éischter spontan wéi geplangt bei si géife kommen, hätte si och ee Raum, dee ka genotzt ginn, fir eng Plainte opzehuelen. Dee Moment géif den Zenter Kontakt mat der Police ophuelen, an déi kéint dann d'Plainte ophuele kommen.
Dat misst een als Affer awer net, betount d'Ashanti Berrend.
"Wann d'Leit dir just wëlle verzielen, wat geschitt ass, dat ass och okay."
Net just d'Police, och aner Professioneller kënnen am CNVV direkt an d'Raimlechkeete kommen, fir d'Affer ze betreien.
"En Dokter ka bei eis kommen, de Jurist ka bei eis kommen, well mer hunn och momentan an enger Pilotphas e Conseil juridique mat enger benevoller Affekotin, déi d'nächst Joer mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Justice méi offizialiséiert wäert ginn, wou dann och d'Momenter punktuell an der Woch virgesi sinn, wou d'Leit kënnen e Conseil juridique kréien."
Dat wier eng Spezialitéit, déi et bis ewell nach net ze Lëtzebuerg géif ginn. An da bréicht d'Affer seng Geschicht just eemol ze erzielen, esou d'Ashanti Berrend.